Radioen

On air

9 bis 1  |  Divorce - Parachuter

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Prozessdag - Déidlechen Tëschefall bei der Escher Jeunesse

Vu Januar 2023 

Zweete Prozessdag - Déidlechen Tëschefall bei der Escher Jeunesse

Et goufen 3 Zeie gehéiert, déi zum Deel aner Aussoe gemaach hunn, wéi kuerz no de Faite bei der Police. Allerdéngs waren och Aussoen dobäi, déi dem Haaptugekloten a sengem Affekot net onbedéngt an d'Kaarte spillen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Fussball | © PEter Glaser / Unsplash play_arrow
Fussball (Foto: PEter Glaser / Unsplash)

Et goung zum Beispill dorëms, wéini den Trainer vun den U13-Spiller op dat spéidert Doudesaffer agestach huet, dat mat zwee Messeren op den Terrain an der Hiel zeréckkomm war.

Zeie soll Mann mat Messere gesinn hunn

E Clubresponsabele sot, deemools wieren op eemol Kanner an d'Buvette komm, fir ze soen, et wier e Mann do mat Messeren. Den Zeien ass dunn erausgaangen an hätt gesinn, datt dee Mann op den Trainer duergaange wier. Wéi aner Leit dunn a Richtung vum Mann gaange wieren, wier dee fortgelaf an hätt d'Messeren ewechgehäit. 

Fir den Zeien hätten doropshin dräi Leit de Mann ugehalen. Hien hätt nach geruff: "Dot him näischt, ech ruffen d’Police!" Wouropshin een zeréckgeruff hätt: "Ruff eng Ambulanz!" Eréischt duerno hätt hie gesinn, datt d'Affer gepickt gouf.

Erënnerungslacunnen 

E Papp vun engem Spiller da konnt sech um zweete Prozessdag net méi drun erënneren, d'Messere gesinn ze hunn, bis d'Presidentin vum Geriicht hie mat sengen Aussoe géintiwwer der Police konfrontéiert huet. Wichteg war nach dem Zeie seng Ausso bei der Police, datt hien eng Persoun hätt héiere soen: "Dee steet net méi op!" An eng aner: "Ech hoffen, datt en net méi opsteet". Iwwerdeems wosst en anere Spillerpapp net méi, wou déi Beschëllegt waren, wéi hie beim spéideren Affer ukoum. "De Matugeklote louch anscheinend op ëm! Dir hutt dat ausgesot!", huet d'Riichterin him an Erënnerung geruff. "Vläicht!", war d’Äntwert dorop.

Aussoe vun Aenzeien kënnen eng Gefor sinn

Soudatt den zweeten Dag fir jiddereen e bësse frustrant war. Fir de Me Mioli, Affekot vum Haaptugekloten, war dëst awer dat perfekt Beispill fir d'Gefor vun Aussoe vun Aenzeien. Déi hätten erzielt, wat si menge géifen, sech ze erënneren; si hätte sech awer op ville Punkte geiert. Well souguer, wou si objektiv Elementer aus dem Dossier gewise krut hätten, wiere si nach ëmmer iwwerzeegt gewiescht, datt hir Erënnerunge richteg wieren. 

Den Affekot huet och bedauert, datt Saache gesot goufen, déi et sengem Client schwéier maache fir seng Positioun ze verteidegen, datt et Noutwier war:

Dëse Prozess geet um Donneschdegmëtteg weider. 

Lauschterenplay_arrow