Eent vun de Weibercher hätt Enn leschte Mount am Raum Wëntger fënnef Schof gerass. Et wier dat selwecht, wéi dat wat d‘lescht Joer schonn an Thüringen an a Rheinland-Pfalz nogewise gouf.
Och zu Hengescht goufen e puer Deeg méi spéit gerass Schof gemellt, dat wier ee Wollefsweibche gewiescht aus dem Ruddel vun der Nordeifel, respektiv aus dem belschen Hohen Fenn.
Am noen Ausland liewe schonn zënter e puer Joer erëm Wollefsruddelen, hei am Land huet sech bis elo nach keent néiergelooss.