Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Peter Bjorn And John - Young Folks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Méint nom Finanzbedruch: Caritas a Schierbelen

Caritas

Zwee Méint nom Finanzbedruch: Caritas a Schierbelen

D'Caritas krut 61 Milliounen Euro geklaut. Dat ass virun zwee Méint opgeflunn. Mëttlerweil ass kloer, datt vun der Caritas net méi vill Rescht bleift.

auto_stories

1 min

headphones

6 min

Caritas | © Wikimedia Commons play_arrow

Genee zwee Méint sinn et haut hier, datt d'Caritas eng Plainte agereecht huet, well d'ONG vu Februar bis Juli dëst Joer 61 Milliounen Euro geklaut krut. De Finanzbedruch huet grousse Schued ugeriicht: De gréissten Deel vun den internationalen Aktivitéite vun der Caritas kënnen net weidergeféiert ginn. An déi national Aktivitéite gi gréisstendeels vun enger neier ASBL iwwerholl.

De Jean-Claude Franck huet am Moiesstudio de Point zur Situatioun gemaach.

Lauschterenplay_arrow