Net nëmmen aus der Politik, mee och vun de verschiddenen Associatioune vun den Dokteren, wéi de Conseil-medicallen, dem Collège médical oder der Spidolsfederatioun, koum Kritik un der AMMD, nodeems si d'Konventioun mat der CNS gekënnegt haten.
Si empfannen d'Fuerderunge vun enger AMMD als geféierlech a warne virun enger Zwee-Klasse-Medezin. No deene Kriticken huet d’AMMD fir haut um Donneschdegmëtteg eng Pressekonferenz aberuff.
Intern Newsletter mat kämpfereschem Toun
An enger interner Newsletter, déi dem Radio 100,7 virläit, wéilt d’AMMD mat de Mëssverständnesser an de falschen Informatiounen an der Ëffentlechkeet opraumen. Néng Säite laang ass d’Newsletter an den Toun ass kämpferesch.
Éischtens betount den AMMD-Verwaltungsrot, et géif een den obligatoresche Conventionnement ënnerstëtzen. Gläichzäiteg betount den CA awer, datt den obligatoreschen - a virun allem den automatesche Conventionnement - e Problem wier.
Doduerch géife sech auslännesch Doktere fir e gewëssen Zäitraum hei néierloossen an dann erëm an d'Ausland goen.
Tariffer fräi festleeën
Dozou muss ee wëssen: Zu Lëtzebuerg ass den Droit d'exercer vun Dokteren un de Conventionnement gebonnen. Géif een dat also ewechhuelen, esou wéi de President Chris Roller dat e Méindeg géigeniwwer RTL sot, da schwätze mir vun engem partielle Conventionnement.
Dee Begrëff benotzt d’AMMD awer elo net méi.
Trotzdeem kéinten an deem Modell net-konventionéiert Dokteren a Cabinete schaffen. Déi wieren dann net vun der CNS rembourséiert, kéinten also hir Tariffer fräi festleeën, well si jo net un déi vun der CNS gebonne wieren.
Bei den Dokteschtariffer fuerdert d’AMMD an der Newsletter, datt all Cercle nei Akte ka proposéieren, an datt dann d'AMMD zesumme mam Collège médical de Rôle hätt fir dat mat engem Tarif ze autoriséieren.
D'CNS wier da vun deem Prozess ausgeschloss a kéint just nach decidéieren, ob a wéi vill si vum Akt rembourséiert.
De Virworf, fir eng Zwee-Klasse-Medezin ze sinn
Op de Virworf, fir eng Zwee-Klasse-Medezin ze sinn, steet ganz einfach am Schreiwes, dat wier falsch.
"Bien au contraire" géif d'AMMD et bedaueren, datt finanziell gutt situéiert Famillen (fir genee ze sinn hu si d'Wuert "nanties" benotzt) sech géifen am Ausland behandele loossen, well et do deelweis méi modern Servicer géife ginn.
An dësem Schreiwes steet och elo konkreet dran, datt d'AMMD privat Investisseuren oder Actionnairen, déi keng Doktere sinn, an Dokteschgesellschafte géife refuséieren. Dat war ee vill kritiséierte Punkt an de leschte Wochen. Si positionéiert sech och géint en Astelle vun Dokteren an esou Gesellschaften.
Markant ass wuel nach hiren 12. a leschte Punkt am Schreiwes: En Appell fir den Zesummenhalt. Et wier elo un der Zäit, zesummenzehalen, well dobaussen hätt ee si wéilte splécken.
Si ruffen iwwerdeems dozou op Member ze ginn, fir hir Representativitéit ze stäerken. Dat ass och wichteg fir si am Kontext, datt sech grad e Géigegewiicht zur AMMD kéint bilden.
Wéi gëeent ass de Verwaltungsrot vun der AMMD?
Ee Member vun der AMMD huet sech rezent un d’Press geriicht fir ze soen, datt hien net mat sengem CA averstanen ass. Ob deen zesummenhält, ass net genee gewosst.
Wat gewosst ass, ass, datt den Dr. Eric Sassel - Generalist vu Käerjeng - an enger Mail erkläert huet, datt hien no villem Hin an Hier dräi Motiounen op den Ordre du Jour vun der nächster Assemblée général de 17. Dezember setze gelooss huet.
Hien huet sech éischtens kloer géint Privatinvestisseuren an der Medezin ausgeschwat. Zweetens dogéint, datt Dokteren aner Dokteren dierften astellen, an och géint eng Tarifautonomie. Hie wollt, datt d'Membere vun der AMMD doriwwer kéinten ofstëmmen.
Opruff zur Demissioun
Mee datt den Dokter Sassel sech un d'Ëffentlechkeet geriicht huet, koum am CA awer net gutt un. Zwee Deeg duerno gouf hien an engem Bréif - deen dem Radio 100,7 virläit - dozou opgeruff, aus dem CA ze demissionéieren.
U sech wollt hie virdrun eng extraordinär Generalversammlung ufroen. Dofir mussen dat awer op d'mannst dräi Memberen aus dem CA fuerderen, mee si ware just zu zwee (an deen Drëtten hätt sech kuerzfristeg ëmentscheet, esou den Dr. Sassel).
Och aus anere Reien ass ze héieren, datt d'Gespréicher mat der AMMD net esou flott verlaf wieren.
Ob déi Divergenzen - esouwuel intern wéi extern - elo op Mëssverständnesser zeréckzeféiere sinn - wéi et aus der AMMD heescht - oder awer op grondleeënd Meenungsverschiddenheeten, dat wäert sech dann nach weisen.
Wéi geet et elo weider?
Am Dezember wäert dat jiddefalls e groussen aktuellen Dossier bleiwen. D'nächst Woch e Méindeg ass déi extraordinär Versammlung vun de Medecins salariés hospitaliers. Déi wëlle sech och fir déi liberal Dokteren opmaachen. A falls si genuch Membere rekrutéiert kréichen, wäert dann de 17. Dezember deen nächste Stéchdatum sinn.
Do ass nämlech den éischten Dag vun de Verhandlungen iwwer eng nei Konventioun ugesat. Deen Dag misst dann d'MSH sech och bei der CNS mellen a soen, datt si amplaz vun der AMMD d'Konventioun wëlle verhandelen.
An da misst tranchéiert ginn, mat wéi enger Associatioun verhandelt gëtt. Mee dofir huet d’AMMD dann elo eng Kommunikatiounsoffensiv gestart. Et wäert déi nächst Deeg jiddefalls nach an dëser Fro interessant bleiwen.