Radioen

On air

Trendscheif  |  Macie Stewart - Spring Becomes You, Spring Become

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Drëttel vun den Europäer fille sech duerch déi aktuell Noriichte belaascht

Ëmfro

Zwee Drëttel vun den Europäer fille sech duerch déi aktuell Noriichte belaascht

Knapp zwee vun dräi Europäer fille sech duerch déi negativ Meldungen aus aller Welt psychesch belaascht. Evenementer wéi d'Corona-Pandemie, de russesche Krich géint d‘Ukrain oder nach d‘Klimakris maachen de Leit ze schafen.

auto_stories

1 min

Dat geet aus enger Ëmfro vun der EU-Kommissioun ervir. 62 Prozent vun de Befroten haten do erkläert, datt esou Evenementer hir psychesch Gesondheet géife belaaschten.