D’Rapporte vun den Aarbechtsgruppe sollte wärend der Allerhellegevakanz finaliséiert ginn. Et sinn déi Gruppen, déi d’Walprogrammer vun CSV an DP analyséiert hunn, an déi am Fall vun Divergenze Kompromëssvirschléi formuléiere sollten.
D’Decisioun gëtt awer an der Plenière getraff. Do, wou et gréisser Knackpunkte gëtt. Wéi d’Ressorte verdeelt ginn a wéi de Koalitiounsprogramm ausgesäit, dat misst nach dëse Mount annoncéiert ginn.
Manner Ministère wéi bis elo
Et ass unzehuelen, datt et mat zwee Koalitiounspartner manner Ministère gëtt, ewéi bis elo. Entretemps huet och d’Zivilgesellschaft an aner Organisatiounen dem Formateur Fuerderungskatalogen iwwerreecht. Wat mat deene geschitt, an ob se een Afloss hunn op de Koalitiounsprogramm, ass net kloer.
Eng Rei Knackpunkte wäerten et gi sinn, och wéinst vun der geopolitescher Situatioun an de Konsequenze fir d’Staatsfinanzen. Warscheinlech wäert et kee grousse Sputt gi fir grouss Spréng ze maachen.
Knackpunkt Besteierung
Gréisser Knackpunkte kéinten et um Niveau vun der Besteierung ginn. De Luc Frieden huet am Walkampf am Beräich vun der Besteierung eng generell Baisse versprach, wëssend, datt et wéinst der Präisdeckelung vun der Energie nach fix Käschte gëtt, déi dem Staat e puer honnert Milliounen Euro wäerte kaschten. Eng Moossnam, déi vun der CSV matgestëmmt gouf. An dach war et ee vun den Haaptverspriechen vum Luc Frieden wärend der Walcampagne.
Spéitstens Enn dës Mounts dierft de Koalitiounsprogramm bekannt ginn, grad ewéi d’Ressorten an d’Ministeren.