Radioen

On air

Kultur um 5  |  Marker Starling

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Zweeten Dag vun der Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Belsch

Zesumme mat enger Wirtschaftsdelegatioun

Zweeten Dag vun der Lëtzebuerger Staatsvisitt an der Belsch

Nom offiziellen Ëmfang vum der groussherzoglecher Koppel an der Lëtzebuerger Delegatioun den Dënschdeg zu Bréissel, soll sech d’Visitt haut ëm den ekonomesche Volet dréinen, mat Schwéierpunkten op Space- a Cyberdefense, op Tourismus – d’Belsch ass dat drëtt Land aus deem am meeschten Touristen op Lëtzebuerg kommen – an awer och op Construction circulaire, esou de Wirtschaftsminister.

auto_stories

1 min

Foto: © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Ma och em erneierbar Energië soll et goen, méi konkret ëm de Waasserstoff – aus dem Grond fiert déi Lëtzebuerger Delegatioun haut op Ghent op den Hafen, esou de Lex Delles.

De Lex Dellesplay_arrow

Iwwer deen Hafen soll Lëtzebuerg an Zukunft mat Waasserstoff versuergt ginn, haut soll eng deementspriechen „letter of intent“ tëscht der Creos an der Fluxys ënnerschriwwe ginn fir de Resaeau auszebauen.

„De reseau ausbauen heescht natierlech op där enger Säit, wou mer souwisou scho mat der Belsch zesumme schaffen, dat sinn déi Volete vun der Nordséi-Ofshore Anlagen. Wann do Hydrogene ka produzéiert ginn, deen dann am Hafen ukomme loossen, an dann iwwer Pipeline kënnen an Europa ze verdeelen, an och Lëtzebuerg natierlech mat ze verbannen.

Zu Ghent stinn dann och Visitte vun dräi Entreprisen un, iert déi groussherzoglech Koppel déi belsch Kinneksfamill owes op e Concert vum lëtzebuergeschen Orchestre philharmonique invitéiert, fir sech ze revanchéiere fir d’Festiesse gëscht am Chateau Laeken.