Déi meescht Affer gouf et an der Stad Derna. Déi gouf zu engem groussen Deel iwwerschwemmt nodeems zwee Staudämm wéinst dem staarke Reen gebrach waren. An der Katastropheregioun koum weider Hëllef un. Ägypten huet e Flugzeugträger geschéckt deen als Klinik ageriicht gouf.
D‘UNO warnt viru Krankheeten, déi sech elo an der Stad kéinte verbreeden.
Bei engem schwéieren Accident bei der Stad Darna sinn iwwerdeems 5 Membere vun engem griichesche Secouristëgrupp ëm d‘Liewe komm. Hire Bus ass frontal mat engem Auto zesummegestouss. Am Auto sinn dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm. 13 weider Passagéier am Bus sinn och blesséiert ginn, si goufen zréck a Griicheland geflunn. Si waren a Libye fir do bei de schroen Iwwerschwemmungen ze hëllefen.