Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNO warnt viru Verbreedung vu Krankheeten

No den Iwwerschwemmungen

UNO warnt viru Verbreedung vu Krankheeten

Eng Woch no den Iwwerschwemmungen a Libye bleift d‘Zuel vun den Affer weiderhin onkloer. Der UNO no, sinn op d‘mannst 11.300 Leit ëm d‘Liewe komm. Mee iwwer 10.000 Leit ginn nach ëmmer vermësst.

auto_stories

1 min

Déi meescht Affer gouf et an der Stad Derna. Déi gouf zu engem groussen Deel iwwerschwemmt nodeems zwee Staudämm wéinst dem staarke Reen gebrach waren. An der Katastropheregioun koum weider Hëllef un. Ägypten huet e Flugzeugträger geschéckt deen als Klinik ageriicht gouf.

D‘UNO warnt viru Krankheeten, déi sech elo an der Stad kéinte verbreeden.

Bei engem schwéieren Accident bei der Stad Darna sinn iwwerdeems 5 Membere vun engem griichesche Secouristëgrupp ëm d‘Liewe komm. Hire Bus ass frontal mat engem Auto zesummegestouss. Am Auto sinn dräi Mënschen ëm d‘Liewe komm. 13 weider Passagéier am Bus sinn och blesséiert ginn, si goufen zréck a Griicheland geflunn. Si waren a Libye fir do bei de schroen Iwwerschwemmungen ze hëllefen.