Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Sensibiliséierungscampagne: Zigarettestëmp gehéieren net op den Trottoir 

Ëmweltverwaltung

Nei Sensibiliséierungscampagne: Zigarettestëmp gehéieren net op den Trottoir 

Eleng hei am Land leien eng geschaten 100 Milliounen Zigarettestëmp um Buedem. An dofir warnt d'Ëmweltverwaltung elo mat enger neier Campagne virun de Konsequenzen dovun. 

auto_stories

2 min

D'Pressespriecherin vun der Ëmweltverwaltung, d'Sophie Thinnes, erkläert am 100,7-Interview, firwat et elo eng ganz Campagne ronderëm dat Theema gëtt.

“Et ass e ganz klenge Geste, wou dacks am Alldag net forcément driwwer nogeduecht gëtt, mee en huet awer vill Konsequenze fir d'Ëmwelt.”

D’Leit sollen hiert Verhalen änneren, esou d’Sophie Thinnes. Eng Zigarett op de Macadam vun der Strooss ze geheien, wier genau sou e Problem, wéi wann een en direkt géif an d’Natur geheien.

145 Euro Strof

Zigarettestëmp sinn eppes ganz klenges, wat och mam Wand oder mam Reen ka weidergedroe ginn. D'Konsequenzen op d'Ëmwelt sinn dofir divers. De Stomp besteet aus Plastik. A Plastik zersetzt sech réischt no laanger Zäit. Mikroplastik awer verschwënnt ni ganz. De Mikroplastik ass herno am Buedem, an der Natur, am Waasser, an dee kritt een dann och net méi raus, erkläert d’Sophie Thinnes.

“Donieft muss een natierlech och nach soen, datt ee Stomp verschidden cheemesch Stoffer enthält, wéi zum Beispill den Nikotin, an déi léise sech dann och beim Zersetzen eraus.”

Et ass eng Aart Plastik, déi herno als Mikroplastik an de Gewässer bleift an och an den Ozean iwwer geet, an deementspriechend och an d'Nahrungskette, esou d’Pressespriecherin vun der Ëmweltverwaltung.

Wat vill Leit net wëssen, dat ass, datt et och verbueden ass, seng Zigarettestëmpf op de Buedem ze geheien. 145 Euro Strof muss een dofir bezuelen. Och dat wëssen déi mannst.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow