Radioen

On air

Al Schanken  |  Patti Smith - Redondo Beach

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zigarette bleiwe méi bëlleg wéi an eisen Nopeschlänner

No Hausse vun Tubaksakzisen

Zigarette bleiwe méi bëlleg wéi an eisen Nopeschlänner

E Pak vun 20 Zigarette géif deemno bei eis an Zukunft op d’mannst 5,20 Euro kaschten. An Däitschland bezilt een zanter September fir déi am meeschte consomméiert Mark 8,20 de Pak, an der Belsch zanter Januar op d’mannst 9,25 Euro an a Frankräich, och zanter Januar, souguer op d’mannst 10,90 Euro.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Gilles Roth huet de Moien erkläert, datt hien als Finanzminister net op déi Sue verzichte kéint. D’Besteierung vum Tubak géif dem Stat nämlech all Joer méi wéi eng Milliard Euro abréngen. Am Januar hat d’Gesondheetsministesch Martine Deprez wësse gelooss, datt zejoert hei am Land iwwer 400 Milliounen Zigarette méi verkaf gi wiere wéi d’Joer virdrun, also iwwer véier Milliarden.

Erhéijung vun den Akzisë fir Landewyck "eng industriell Erausfuerderung"

Landewyck Tobacco erkläert, datt een déi ugekënnegt Hausse vun den Akzisen op Zigaretten zur Kenntnis hëlt. Dat wier eng “konsequent Suite vun de Mesures anti-tabac, déi virgesi waren”. Déi méi héich Akzise wiere fir Landewyck Tobacco “eng industriell Erausfuerderung, well iwwer 200 Produkter a ganz kuerzer Zäit ëmgestallt musse ginn”. Wat den Impakt vun de méi héijen Akzisen op den Tubaksprodukter ugeet, war d’Äntwert déi heiten:

“De Consommateur riskéiert um Schwaarzmaart ze kafen oder Produkter aus Osteuropa, déi erageschmuggelt ginn, e Marché, deen a verschiddene Länner wäit iwwer 30 Prozent duerstellt. (...) All Steiererhéijung op eisem Heemechtsmarché ass eng zolidd Erausfuerderung fir eis, déi mer awer ëmmer gär unhuelen, well mer un eis Industrie an hir Zukunft zu Lëtzebuerg gleewen, virun allem wéinst de villen Aarbechtsplazen.“

Fondation Cancer fuerdert weider Erhéijunge fir Jonker ze schützen

Zejoert, wéi de Präis vum Pak Zigaretten ëm 20 Cent geklomme war, hat d’Fondation Cancer vun engem Schrëtt an déi richteg Richtung geschwat, deen awer net genuch wier, fir déi Jonk ze schützen. Dofir bräicht et an Zukunft méi konsequent Präishaussen. Den Tubakspräis géif zu Lëtzebuerg ganz niddreg bleiwen, fir net ze soen ze niddreg.

„(…) an et ass eben och gewosst, datt de Präis do déi wichtegst Roll spillt. Ech hoffen, datt dat do den Ufank vun enger ëmmer méi Politik an déi Direktioun ass, datt de Präis an d’Luucht geet. Wéi gesot, en hallwen Euro ass wäit vun deem, wat mer gär hätten, mee et ass méi wéi dat, wat mer scho laang haten.“

Fir d’Directrice vu Fondation Cancer sollt een et Frankräich nomaachen, wou no enger éischter massiver Präishausse eng Millioun Leit opgehalen hätt mat fëmmen. Hei am Land gëtt et keng entspriechend Zuelen. Am Mee dierft awer dozou eng gemeinsam Enquête mat der Santé presentéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow