Den Androck vun der finanzieller Situatioun vun de Stéit hätt sech réckbléckend op déi lescht 12 Méint zwar e bësse verbessert, ma beim Bléck an d‘Zukunft gesäit et aneschtes aus. Wéi aus der Ëmfro ervir geet, gesinn déi Befroten souwuel fir déi wirtschaftlech Situatioun vun de Stéit, wéi vum Land éischter schwaarz.
Och d‘Intentioun fir gréisser Akeef ze maachen déi nächst Méint wier weider erofgaangen. Ee Grond fir dës Entwécklunge geet net aus der Enquête ervir.