Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zeienopruff no Accident mat schwéier blesséierter Persoun zu Angelduerf

Fahrerflucht

Zeienopruff no Accident mat schwéier blesséierter Persoun zu Angelduerf

D'Police mécht een Zeienopruff wéinst engem Accident gëschter zu Angelduerf virum Schnellrestaurant, bäi deem eng Persoun vun engem Auto ugestouss a schwéier blesséiert ginn ass.

auto_stories

1 min

De Chauffer vum Auto huet nom Accident gesot, hie wéilt den Auto réckelen, ass awer du fortgefuer. D‘Police sicht elo no engem rouden Auto, mat däitscher Immatrikulatioun, déi mat BIT ufänkt. All Informatioune si fir d‘Police Dikrech/Veianen, oder fir den 113.