Radioen

On air

Notturno  |  Kuston Beater - Undo Stress

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zeienopruff: Accident gëschter tëschent Sandweiler an Éiter

Police

Zeienopruff: Accident gëschter tëschent Sandweiler an Éiter

D‘Police mécht en Zeienopruff no engem Accident gëschter tëscht Sandweiler an Éiter.

auto_stories

1 min

Blo Luucht | © picture alliance / SVEN SIMON
Blo Luucht (Foto: picture alliance / SVEN SIMON)

Um 20:10 hu sech tëscht dem Rond-point Sandweiler an dem Prisong zu Schraasseg e Camion an e Bus gekräizt. Dobäi ass e Stee vum Camion gefall a géint déi viischt Fënster vum Bus op der Chaufferssäit geknuppt. De Buschauffer gouf liicht blesséiert. D‘Police sicht elo nom Chauffeur vum Camion, dee soll sech bei der Police vu Réimech mellen. Och Zeien, déi eppes gesinn hunn, si gebieden, sech ze mellen.