Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Tockcity  |  skrt cobain - Red Bottoms

play_arrow Live
arrow_back_ios

Mediathéik

Mediathéik

/ Zeenewiessel: Nei Serie zur Caritas-Affär

100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Nei Serie zur Caritas-Affär

Am 100,7-Doku-Podcast kënnt Dir mat an eis Recherche andauchen zum Milliounebedruch a senge Konsequenzen. Déi éischt Episode sinn elo disponibel.

auto_stories

2 min

headphones

32 min

play_arrow

All déi disponibel Episoden hei lauschteren

Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel?

D'Hannergrënn vun enger Affär, an där zimmlech alles schifleeft, wat nëmme ka schiflafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel vum an 8 Episoden. Déi dräi éischt Episode sinn elo eraus!

Dës Recherche vum radio 100,7 leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht.

Lauschtert de Podcast "Zeenewiessel" an eiser Mediathéik. Dir fannt den Zeenewiessel Podcast och op Spotify an op Apple Podcasts. Abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Lauschterenplay_arrow

live

Live