Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?
Lauschtert de Podcast "Zeenewiessel" an eiser Mediathéik
An eiser App kënnt dir den Podcast och abonéieren.
Déi éischt Episod
Den Trailer
"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.
D'Ekipp vum Zeenewiessel:
Pia Oppel, Léonardo Kahn, Charlotte Bruneau, Tessy Troes, Yves Stephany, Jean-Claude Franck, Chris Zeien, Semir Demic, Jo Diseviscourt.
Fir Froen a Feedback schreift eis op: doku@100komma7.lu