"Hien huet dat un eis eriwwerbruecht, wat de President Trump scho méi laang seet, wat e virun de Wale gesot huet, wat en och elo schonn no de Wale gesot huet", seet d'Yuriko Backes. Si géif sech op net "net ganz einfach" Gespréicher an Zukunft astellen, an et hätt ee gemierkt, datt een elo an der "ganz krasser" Realpolitik ukomm wier.
Konkret fuerderen d'USA, datt d'EU-Staate méi fir hir Defense ausginn. Den neien US-amerikanesche Verteidegungsminister huet och nach eng Kéier betount, datt d'Ukrain der NATO net soll bäitrieden, an datt et onrealistesch wier, datt d'Ukrain déi verlueren Territoirë géif zeréckkréien.
"Mir si frou, wann Initiative geholl ginn, fir Fridden ze negociéieren. Mee dat däerf natierlech net ouni d'Ukrainer sinn, wa mer iwwer d'europäesch Sécherheet schwätzen, da missten natierlech och d'Europäer do um Dësch sëtzen."
Et wier awer net am Interessi vun der Ukrain, datt ee scho virum Ufank vu Verhandlunge mam Wladimir Putin zentral Verhandlungspositioune géif opginn, esou déi Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin. D'Yuriko Backes waart dann och gespaant op eventuell weider US-Annoncen op der Münchener Sécherheetskonferenz.