Um Dag no de Chamberwalen huet de Grand-Duc Henri de Moien am Palais den Nach-Premier Xavier Bettel, den Nach-Chamberpresident Fernand Etgen an de President vum Staatsrot Christophe Schiltz empfaangen.
De Xavier Bettel huet dem Grand-Duc d’Demissioun vun der Regierung presentéiert, no de Chamberwale vu gëschter. De Xavier Bettel gouf mandatéiert, déi lafend Geschäfter virun ze féieren, bis eng nei Regierung am Amt ass.
Elo muss een ofwaarden ob de Grand-Duc - grad wéi no de Wale vun 2013 an 2018 - erëm een Informateur nennt, oder direkt ee Formateur fir déi nei Regierung. Fir de Xavier Bettel läit déi Decisioun ganz beim Grand-Duc.
"Déi hëlt hie ganz eleng. Wann alles kloer ass, da brauch hie keen Informateur. Wa Froen ze kläre sinn, dann ass een Informateur och eng Méiglechkeet."
Chamberpresident Fernand Etgen hält sech zeréck
Och de Chamberpresident huet hei mam Grand-Duc d’Analys vun de Chamberwale gemaach.
D’Gremie vun der DP wäerten haut zesumme kommen, huet de Fernand Etgen no senger Audienz confirméiert. Hie wéisst awer net, wéini et éischt Gespréicher tëschent senger Partei an der CSV wäerte ginn, esou de Co-Spëtzekandidat am Norden.
"Ech wëll mech als Chamberpresident och nach e bëssen en recul halen."
De Grand-Duc an den Ierfgroussherzog hunn haut och Consultatioune mat deene Responsabele vun de siwe Parteien, déi gëschter an déi nei Chamber gewielt goufen.
Francine Closener: LSAP gehéiert zu de Walgewënner
Den Ufank hunn d’Parteipresidente vun der LSAP gemaach. No der Audienz huet d’Francine Closener gesot, datt d'LSAP déi zweetstäerkst Partei wier an zu de Walgewënner gehéiert
"An och kompromëssbereet an dialogbereet ass fir och Partner ze sinn, an enger neier Regierung."
Haut oder muer wéilt de Grand-Duc seng Conclusiounen aus de Gespréicher zéien, ënnersträicht de Xavier Bettel de Moie virum Palais.