search

/ Xavier Bettel: Victoire vun Péter Magyar ass eng grouss Erliichterung fir d‘EU

Reaktiounen op d'Walen

|
reading time

2 min

Xavier Bettel: Victoire vun Péter Magyar ass eng grouss Erliichterung fir d‘EU

Den Ausseminister sot an enger éischter Reaktioun op d'Walresultat an Ungarn, et wier eng grouss Erliichterung fir d‘EU, an elo kéint een nees konstruktiv zesummeschaffen. Gläichzäiteg misst een awer virsiichteg sinn. D'Europadeputéiert Tilly Metz schwätzt vun engem ganz wichtege Moment fir Europa.

reading time

2 min

Péter Magyar | © EPA/BOGLARKA BODNAR HUNGARY OUT
Péter Magyar (Foto: EPA/BOGLARKA BODNAR HUNGARY OUT)

Et dierf een och net vergiessen, datt dem Viktor Orbán säi Kontrahent selwer fréier Member vun der Fidesz Partei war. Dem Péter Magyar seng Ex-Fra war ënner dem Orbán Justizministesch, huet der Partei ënner anrem wéinst Korruptiounsverdacht awer de Réck gedréint. De Péter Magyar hätt dorposhinn seng eegen Partei gegrënnt. 

"Stopp mat deem Flirt mat Russland"

Mat dëser neier "Supermajoritéit" vun iwwer 133 Sëtz am Parlament hätt hien elo och keng Excusë fir et net ze maachen, esou den Xavier Bettel. Dës Wale wieren och ee ganz kloert Zeechen vun der ungarescher Bevëlkerung gewiescht, esou den Ausseminister. 

"Et ass e kloren Ausdrock am Fong vun den Ungaren, fir ze soen: Hei stopp, stopp mat deem Flirt mat Russland."

De Viktor Orbán hätt sech mat senger Anti-Haltung an der europäescher Union selwer kee Gefale gemaach. Hien hätt fäerdeg bruecht, datt jiddwereen d'Deeg gezielt hätt, bis déi nächst Walen, esou de Xavier Bettel. 

Allerdéngs misst een awer och virsiichteg si wat d'Victoire vum Péter Magyar ugeet, esou de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel. Well een nach net genee wéisst, a wéi eng Richtung den neie konservative Premier an Ungarn geet. 

Reaktiounen aus Europa

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz schwätzt vun engem ganz wichtege Moment fir Europa. Och no Jore vum Ofbau vun der ungarëscher Demokratie kéint dës nees operstoen.

Och de franséische President Emmanuel Macron an den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz hunn dem Viktor Orbán sengem Konrahent gratuléiert.

Den Emmanuel Macron huet déi héich Walparticipatioun gelueft. Säin däitschen Homolog sot, hie géif sech op d‘Zesummenaarbecht mam neie Premier freeën. Och vu Kiew gouf der Tisza Partei fir hir eklatant Victoire felicitéiert. 

Bei de Walen gëschter um Sonndeg konnt de Péter Magyar a seng oppositionell Tisza Partei sech kloer duerchsetzen, a kréie mat 138 vun 199 Mandanten eng Zweedrëttelmajoritéit am ungaresche Parlament.