Fir d’éischt de Programm, dann d’Zuel vun de Ministeren an d’Ressorten, an dann d’Käpp: esou soll et dem Xavier Bettel no der Rei no goen, bei de Verhandlungen tëschent CSV an DP.
"Mee komm mir fänken net hannen un. Et wier jo schrecklech, wann een a Koalitiounsverhandlunge geet, wou jiddweree seet: 'Dat do ass mäint, dat do ass däint.' Et ass onse gemeinsame Programm. An dat ass dat, wat wichteg ass."
Hie géif den Dr. Schockmel verstoen, datt wann hien den “Job” vum Gesondheetsminister ugebuede kritt, och Interessi huet, seet de Xavier Bettel.
"Ech respektéieren dat. Den Här Schockmel huet och bewisen, datt hien d’Kompetenzen huet, an datt hien och dat Wëssen huet. Mee mir sinn elo net esou wäit fir Posten ze verdeelen. Am Moment geet et mol ëm de Programm, an duerno geet et ëm d’Ressorten an ëm d’Käpp. Dat heescht, et ass elo déi drëtt Etapp, déi elo - ech weess - d’Press ganz vill interesséiert. Mee am Moment, mir wësse mol nach guer net wat an der Santé geschitt."
"De Choix gëtt duerno vun der Partei getraff"
Hien hätt natierlech Freed drun, Gesondheetsminister ze ginn, a vill Leit géife sech dat wënschen, hat den 62-Joer alen Infektiolog Gérard Schockmel den Dag no de Wale bei RTL gesot. Wann dat aktuell wier, stéing hie selbstverständlech zur Verfügung, hat hien hei um radio 100,7 preziséiert.
"Den Här Schockmel sot eis, datt hien Interesse hätt, wann dee Posten der DP géif proposéiert ginn. Also et ass gutt ze wëssen, datt mir een hunn, deen op jiddwer Fall an deem Beräich den Interessi huet. Mee de Choix gëtt duerno vun der Partei getraff."
Bei de Chamberwalen ee Sonndeg war den Dr. Gérard Schockmel op der DP-Zentrumslëscht op der fënnefter Plaz an d’Chamber gewielt ginn. Bei de Koalitiounsverhandlungen ass hien net dobäi.