Dat wier de Choix vun den Amerikaner: "Mir hätte vläicht Preferenzen, mee si hu gewielt", sot den Ausseminister, deen erkläert huet, als Premier véier Joer mam Donald Trump geschafft ze hunn. D’Relatioune wiere bestoe bliwwen, och wa se méi imprevisibel waren.
D'Conclusioun ass fir de Xavier Bettel déi, datt mir als Europäer net nëmmen op anerer waarden dierften. An och wa mir d’Tendenz hätten ze mengen, mir wéisste besser, wien dee beschte Politiker fir e Land wier, sollt een d’Leit an deene Länner net nerve mat Lektiounen, déi een hinne wéilt ginn, esou nach den Ausseminister.