Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - The Walls Have Ears

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Xavier Bettel: D'DP ass prett fir an der nächster Regierung matzeschaffen

Chamberwalen 2023

Xavier Bettel: D'DP ass prett fir an der nächster Regierung matzeschaffen

De Xavier Bettel weist sech mat de Resultater vu bis elo immens zouversiichtlech an houfreg. Hie gesäit sech a seng Partei gestäerkt. Mat dësem Resultat wier d’DP prett fir och an der nächster Regierung matzewierken a Verantwortung ze iwwerhuelen.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow

D'DP wier déi Partei vun de véier grousse Parteien, déi am meeschte bäigeluecht huet an och ee Sëtz bäigewonnen huet. Mat 13 oder 14 Sëtz wier een och déi stäerkst vun den aktuelle Regierungsparteien. 

“Ech muss Iech soen, aus dëse Walen gestäerkt erauszegoen, beweist datt déi Aarbecht, déi mir gemaach hunn, zesummen an der Regierung, zesumme mat der Chamber an de Sektiounen mat de Lokalmandatairë mat eise Membere vum Wieler och unerkannt ginn ass. Et deed gutt, datt de Wieler dës Aarbecht och unerkennt."

De Xavier Bettelplay_arrow

Hien hätt gutt a gären an der Dräierkoalitioun geschafft, esou de Xavier Bettel. 

"Mee mir sinn an enger Demokratie a wann de Wieler decidéiert huet, datt en eppes aaneschters wëllt, dann ass dat ze respektéieren. Arithmeetik ass dat eent, mee et ass eng Majoritéit, déi sech bilde muss."