Mam Zil, datt jidderee zu Lëtzebuerg Zougang zu engem wierdegen a bezuelbare Logement kritt, hu sech 20 ASBLe zesummegeschloss. Ënnert hinne si Mënscherechtsorganisatioune wéi Amnesty International, UNICEF a Solidaritéit mat den Heescherten.
D’Organisatioune fäerten, datt d’Mënscherecht op Logement zu Lëtzebuerg ëmmer méi a Gefor geréit.
Méi Transparenz a méi sozial Wunnengen
D’ASBLe kritiséieren ënner anerem, datt vill Baufläche weider eidel stinn. Si fuerderen dofir méi Informatioune vu staatlecher Säit, zum Beispill iwwer d’Unzuel u Wunnengen, déi hei am Land kuerzfristeg iwwer Online-Plattforme verlount ginn.
Gemenge solle méi aktiv ginn
Nieft dem allgemenge Wunnengsbau misst och méi bezuelbare Wunnraum geschaf ginn. Besonnesch d’Gemenge kéinten hei eng wichteg Roll spillen, well si eegen Terrainsreserven duerch hier Propriété foncière hätten an déi kéinte fir divers Bauzwecker genotzt ginn, erkläert de Guy Foetz vun der ASBL Solidaritéit mat den Heescherten.
“D'Gemenge spillen eng immens grouss Roll. Déi sinn am nooste bei de Leit. Si hunn och Terrainen. An d'Gemenge sollten derzou bruecht ginn, legal forcéiert gi fir en Deel vun hirer Proprieté foncière zur Verfügung ze stellen, fir Logements sociaux locatifs ze maachen.”
Dem Guy Foetz no wier de Problem dacks net de Mangel u Gesetzer, mee d’Ëmsetzung op lokalem Niveau.
Geschriwwe vum Max Voncken.