Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Wou kënnt d'Traditioun vum Bretzelsonndeg hier?

Lëtzebuerger Traditioun

Wou kënnt d'Traditioun vum Bretzelsonndeg hier?

E Sonndeg ass Bretzelsonndeg, eng al Lëtzebuerger Traditioun. A fir datt och nëmme kee vergësst, organiséiert d'Confederatioun vum Liewensmëttelhandwierk haut um Dënschdeg schonn, fir déi 38. Kéier, e Cortège de la Bretzel.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Bigstock play_arrow
(Foto: Bigstock)

Dëse Cortège féiert mam Oldtimer-Bus d'Bretzelkinnegin dëst Joer op Diddeleng, wou um 16 Auer dann 1.000 Bretzele verdeelt ginn. Dofir, wann Dir haut scho Loscht op eppes Séisses hutt, da gitt op Diddeleng.

D'Originn vun der Expressioun "de Kuerf kréien"

A wann Dir schonn erëm vergiess hutt, wien elo wiem eng Bretzel sollt oder vläicht souguer musst schenken, da kläert den Amir Grumberg, Jurist a Conseiller vun der Fédération des Artisans, eis op.

"Et ass esou, datt Männer Fraen, un deenen si interesséiert sinn, eng Bretzel schenken um Bretzelsonndeg, fir dann um Ouschtersonndeg entweeder een Ee, wa si d'Léift erwideren, oder eeben een eidele Kuerf ze kréien, wann et leider net zu der Erwiderung géif kommen."

Vun dohier kënnt och déi Expressioun "de Kuerf kréien". An et ass ëmmer de Mann, deen der Fra eng Bretzel schenkt. Par contre an de Schaltjoren, do ass et aneschters: Do ass et genee den ëmgedréite Wee.

Dat heescht eo awer net, datt Männer, déi schonn an enger Bezéiung sinn, hirer Partnerin keng Bretzel kënne schenken, wat déi Fraen a Frëndinnen dann natierlech och quasi verflicht sech am Géigenzuch op Ouschterdag mat engem Schockelasee ze revanchéieren.

De Bäcker, deen e Liewe gerett huet

Wou déi Traditioun vu Bretzelsonndeg hierkënnt a wéi laang et se scho gëtt, do ginn et verschidden Theorien. An och op d'Fro, firwat grad Bretzel deen Dag besonnesch zu Éiere kënnt, kritt een net vu jidderengem déi selwecht Äntwert.

"Verschiddener soen, et wier eng Bretzel, well dat beschreift d'Ëmaarmung tëschent enger Koppel, wou d'Äerm verschlonge si wéi déi vun der Bretzel."

Par contre gëtt et och eng Geschicht déi beseet, datt ee Bäcker am Mëttelalter vun engem Mann, deen zum Doud verurteelt war, gefrot ginn ass, him e Gebäck ze maachen, wou een d'Sonn géing dräimol doduerch gesinn. Dat kéint nämlech säi Liewe retten. De Bäcker huet him eng Bretzel gebak an dann, déi jo dräi Ëffnungen huet. Do huet een d'Sonn dunn dräimol kënne gesinn an esou huet de Bäcker dem Mann säi Liewe gerett.

Lauschterenplay_arrow