arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolt-Livreure leeën d’Aarbecht néier

Plattformaarbecht

|
reading time

1 min

Wolt-Livreure leeën d’Aarbecht néier

Ronn 160 Livreuren zu Lëtzebuerg vun der Liwwerplattform Wolt hunn hir Aarbecht néiergeluecht, nodeems d'Entreprise decidéiert hat, d'Bezuelung ze reduzéieren. Dat deelt déi Lénk an engem Communiqué mat.

reading time

1 min

Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz | © Radio 100,7
Protestaktioun vu Wolt-Mataarbechter:innen op der Paräiser Plaz (Foto: Radio 100,7)

D'Partei kritiséiert, datt vill Livreuren ouni klasseschen Aarbechtskontrakt a mat engem limitéierte soziale Schutz schaffen. Si fuerdert dofir eng gesetzlech Reguléierung vum Secteur, fir datt d'Livreuren an de meeschte Fäll als Salariéë gëllen an domat och déi entspriechend Rechter a Schutzmesurë kréien.

Déi Lénk fuerdert gesetzlech Reegelen

Déi Lénk verweist dobäi op eng eege Gesetzespropos, déi schonn an der Chamber deposéiert gouf. Dës soll och kollektiv Rechter fir d'Aarbechter vun de Liwwerplattformen aféieren.

Wolt deelt dann an engem Schreiwes op Nofro hi mat, datt een driwwer Bescheed wéisst, datt hir neiste Bezuelungspolitik de Livreure Suerge géif maachen. Et wier een an där Hisiicht an a Kontakt mat Representante vun de Livreuren.

Datt d’Zuel vun den ageloggte Livreure stänneg ännere géif, wier opgrond vu verschiddenen Aspekter, wéi der Dageszäit, oder och dem Wieder normal, esou nach Wolt an hirem Statement. Dëst hätt och keen Afloss op den Alldagsbetrib.