D'Ukrain géif d'Nimm vun zéngdausenden ukrainesche Kanner kennen, an hätt Beweiser fir Honnertdausenden anerer, déi vu Russland entféiert an deportéiert goufen, esou den ukrainesche President a senger Ried zu New York. Hien huet do och virgeschloen, e Welt-Friddens-Sommet ze organiséieren. De Mëtteg soll de Wolodymyr Selsenkij un enger Sëtzung vum UNO-Sécherheetsrot deelhuelen. Et kéint sinn, datt hien do der russeschen Ausseminister Sergej Lawrow begéint. Dat wier dann dat éischt Treffen tëscht deenen zwee zanter datt Russland d‘Ukrain ugegraff huet.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Wolodymyr Selsenkyj: Russesch Deportatioun vun ukrainesch Kanner wier Vëlkermord
Krich an der Ukrain
Wolodymyr Selsenkyj: Russesch Deportatioun vun ukrainesch Kanner wier Vëlkermord
Virun der UNO Vollversammlung huet den ukrainesche President Wolodymyr Selsenkyj Russland Vëlkermord virgehäit wéinst der Deportatioun vun ukrainesche Kanner.
auto_stories
1 min
![Wolodymyr Selenskyj op der UNO-Vollversammlung | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler Wolodymyr Selenskyj op der UNO-Vollversammlung | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler](/_default_upload_bucket/62053/image-thumb__62053__base_thumbnail/Wolodymyr%20Selenskyj.3a572550.jpg)
Wolodymyr Selenskyj op der UNO-Vollversammlung (Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler)