Dräi Stonnen hu si debattéiert. Vu Salairë bis Staatsverscholdung iwwer Rentereform a Reindustrialiséierung gouf quasi kee Sujet ausgelooss.
An déi siwen hunn och net mat staarke Fuerderungen a Statements gegäizt.
Staatsverscholdung a Rentereform splécken
De Jean-Luc Mélenchon vun LFI huet direkt kloer gestallt, datt d’Patronat méi bezuele muss. Beim Theema Staatsverscholdung huet de Mélenchon nach eemol proposéiert, datt 20 Prozent vun der franséischer Schold bei der europäescher Zentralbank einfach annuléiert solle ginn. Eng Propos, déi den Ex-Premier Edouard Philippe fir ganz geféierlech hält.
Net manner intensiv gouf beim Theema Rentereform debattéiert. Den Edouard Philippe sot, et misst méi laang geschafft ginn. Den aneren Ex-Premier Gabriel Attal wëllt ee System op Basis vun de Cotisatiounsjoren an d’Marine Le Pen an och d’Gauche maache sech dofir staark, datt ee scho mat 60 respektiv 62 d’Pensioun huele kann.
Hëtzege Walkampf kënnegt sech un
D’Marine Le Pen, déi an de Sondagen den Ament wäit virläit, wëllt och staark beim Staat selwer aspueren a groussflächeg Bürokratie an Normen ofbaue fir d’Réindustrialiséierung unzedreiwen.
En éischten Debat deemno, dee scho weist, wourop Frankräich sech kann astellen: Aacht Méint hëtzege Walkampf.