Radioen

On air

Kultur um 5  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie sinn d'Newcomer an der Chamber?

Chamberwalen 2023

Wie sinn d'Newcomer an der Chamber?

Mat de Chamberwalen de Sonndeg goufen och eng ganz Rei nei Leit an d’Chamber gewielt. Zum Deel Nimm, déi bis elo onbekannt waren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: CC BY-ND 2.0 / Chambre des Députés

Mat eppes iwwer 7000 Stëmme gëtt déi 33 Joer al Biologin bei der Police judiciaire Claire Delcourt Drëttgewielt bei der Zentrums-LSAP, ee Resultat dat si selwer e bëssen iwwerrascht huet. 2016 ass si fir d’LSAP bei de Gemengewalen zu Hesper mat gaange wou si zweet gewielt gouf, am Juni dëst Joer ass si dunn als Spëtzekandidatin bei de Gemengewalen zu Conter matgaangen, och do gouf si Zweetgewielt, wéinst der Incompatibilitéit mat hirem Poste bei der Police judiciaire huet si awer missen desistéieren. Fir d’Deputéiertemandat stellt sech dës Fro awer net.

De Pirat Ben Polidori

E weidert neit Gesiicht an der Chamber ass de Ben Polidori deen am Norden e Sëtz fir d’Pirate gewonnen huet, den 33 Joer Joer alen Ingenieur ass och Gemengeconseiller zu Viichten. Hie selwer huet sech iwwerrascht gewisen a gemengt hien hätt kaum nach dru gegleeft de Sëtz ze kréien.

De Luc Emering vun der DP

De Luc Emering, 1996 gebuer fir d’DP am Süden an der Chamber, huet sech schonn als President vun de Jongbaueren en Numm gemaach. Dem Agraringenieur gehéiert zu Sprénkeng de Biohaff Dudelmagie. De fréiere President vun de Jongbaueren huet säi politeschen Image lues a awer konstant opgebaut, hie gouf bei de Gemengewalen am Juni an de Schäfferot vun der Gemeng Dippech gewielt.

Et war och hien deen um Agrarsommet am Januar dëst Joer, ee wéi hie sot, ganz konstruktiven Dialog mat der Regierung iwwer d’Ëmsetze vum Agrargesetz gefouert huet. Agrarpolitik mat enger touche Ekologie dierfte fir de Luc Emering dann och e Schwéierpunkt sinn. De Luc Emering ass an engems och deen eenzege Bauer deen an der Chamber vertrueden ass.

Lauschterenplay_arrow

Chamberwalen 2023
Politik
Politik a Gesellschaft