Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - In Bloom

play_arrow Live
search

/ Westlech Militärhëllef fir d'Ukrain op niddregstem Stand zanter Ufank vum Krich

Ukrain-Krich

Westlech Militärhëllef fir d'Ukrain op niddregstem Stand zanter Ufank vum Krich

Déi westlech Militärhëllef fir d‘Ukrain ass um niddregste Stand zanter dem Optakt vum Krich, dat virun allem wéinst politeschen Onstëmmegkeeten an der EU an an den USA. Par Rapport zu 2022 sinn d‘Finanzverspriechen ëm 90 Prozent erof gaangen, dat huet de Kieler Institut gerechent.

auto_stories

1 min

Panzeren op Waggonen | © picture alliance / Alexander Welscher/dpa | Alexander Welscher
Panzeren op Waggonen (Foto: picture alliance / Alexander Welscher/dpa | Alexander Welscher)

Nach hënt hunn d‘Republikaner bei engem Vott am amerikanesche Senat e milliardeschwéieren Hëllefspak fir Israel an d‘Ukrain blockéiert. Et ass e Pak an der Héicht vun ëmgerechent 98 Milliarden Euro.

Den Nee koum vun alle Republikaner an dem onofhängege Senateur Bernie Sanders, deen am Prinzip mat den Demokrate stëmmt – hien huet seng Bedenken ausgedréckt iwwert déi "onmënschlech israeelesch Militärstrategie" par Rapport zu de Palestinenser.