Aktuell mussen 20.000 Kanner pro Dag, aus 44 verschiddenen Länner, déi op Grond vun Iwwerschwemmungen, Dréchenten, Stierm a Flächebränn hirt Doheem verloossen. Virun allem de globale Süden ass betraff, de schonn zanter Joren ënnert de Folge vum Klimawandel leit. D’Philippinnen, Indien a China maache mat 23 Milliounen deplacéierte Kanner scho méi wéi d’Hallschecht aus. Fir de Paul Heber, Presse Spriecher vun der UNICEF Lëtzebuerg, ass et virun allem en Appell un d’ Politik.
“Mir mussen eis esou lues agestoen, datt d’Klima villäicht ënnerschiddlech Impakter op de Planéit huet, mee datt et definitiv eng Realitéit ass. Dat heescht: mir mussen ufänken, eppes dogéint ze maachen."
UNICEF wier do limitéiert a ka réischt agräifen, wa bis e Problem so ass. D'Politik wier also gefuerdert déi néideg Schrëtt ze huelen, erkläert de Paul Heber.
Fatal Konsequenzen
Déi Deplacementer hu fir déi betraffe Mënsche fatal Konsequenzen. Nieft dem Verloosse vum Doheem ass den Zougang zur Schoul, zu propperem Drénkwaasser an enger medezinescher Versuergung eng grouss Suerg fir déi Mënschen. Besonnesch Kanner hunn do mat zousätzleche Geforen ze kämpfen, betount de Paul Heber:
"Kanner kënnen zum Beispill vun hiren Eltere getrennt ginn an enger Katastroph. An dat bréngt natierlech Risike vun Ausbeutung, Kannerhandel, Mëssbrauch mat. Et kënnt och oft dobäi, datt déi Evakuatiouns-Platzen, wou d’Kanner villäicht kënnen higoen, net déi néideg Ressourcen hu fir dem Ulaf u Leit gerecht ze ginn."
Weider 96 Millioune Kanner an de nächsten 30 Joer
Dobäi kéim, datt déi betraffe Gebitter souwisou scho vulnerabel sinn an et ëmsou méi schwiereg ass, de Leit do ze hëllefen.
Wann sech näischt ännert, kéinten an deenen nächsten 30 Joer weider 96 Millioune Kanner hir Heemecht duerch Naturkatastrophe verléieren, dat geet aus den neisten Analyse vun UNICEF ervir.