arrow_back_ios

article

article

/ Wëllkomm bei der Kannerradionuecht vum Radio 100,7

Kannerradionuecht

|
headphones

3 min

Wëllkomm bei der Kannerradionuecht vum Radio 100,7

headphones

3 min

D'Kannerradionuecht kënnt am November 2026 nees zréck!

Wat ass d'Kannerradionuecht?

D’Kannerradionuecht ass eng Invitatioun u Kanner am Grondschoulalter, fir mam Radio (an ouni Ecran) e spannenden, informativen an flotten Owend ze verbréngen. Et ass eng Experienz, déi vu Kanner mat gestalt gëtt an un där sech jidderee ka bedeelegen. D’Initiativ riicht sech un all d’Kanner, sief et an der Famill, am Frëndeskrees oder awer och am Veräin, der Maison relais oder der Klass, där ëmmer méi uechter d’Land deen Owend zesummen an der Schoul iwwernuechten. All Kanner déi sech am Virfeld umellen, kréien e Matmaachheft heem geschéckt mat Spiller, Rezepter, Quizzer, Hannergrondinformatiounen an dem Text vum offizielle Kannerradionuecht-Song fir matzesangen. Kanner, déi ugemellt sinn, kënnen och matbestëmmen, wéi eng Lidder um Radio gespillt ginn.

Déi nächst Kannerradionuecht ass de 27. November 2026 a vu September 2026 un ginn hei weider Informatioune bekannt.

Bis dohinner kënnt dir déi lescht 3 Editioune vun der Kannerradionuecht hei nolauschteren:

Kannerradionuecht 2025: Eng Nuecht an der Philharmonie

asset

Kannerradionuecht 2024: Op Spueresich am Pyjama

asset

Kannerradionuecht 2023: Experimenter, bis d'Eltere schlofen 

asset

Fir d'Waardezäit op d'Kannerradionuecht 2026 ze iwwerbrécke versuerge mir iech mat spannende Geschichten aus der Kannerkëscht.

Wat ass d'Kannerkëscht?

An der Kannerkëscht ginn et Lauschtergeschichten fir Kanner vun 3 Joer un: spannender, informativer, där déi d’Imaginatioun ureegen an där déi ënnerhalen. All hu se gemainsam, datt se hëllefen d’Sprooch ze léieren an ze entwéckelen – an dat alles ouni Ecran an ouni Publicitéiten.

D’Lauschterspiller a Podcasten aus de Kannerkëscht fënnt een an der Mediathéik vum Radio 100,7, iwwert den Internetsite 100komma7.lu an der mobiller App vum Radio 100,7. Wann een d’Kannerkëscht abonnéiert, kritt ee e Message, wann nei Geschichten do sinn. Dofir muss ee sech e Konto um Site uleeën. Da kann ee och eenzel Geschichte späicheren, fir datt ee se méi séier zeréck fënnt.

Kannerkëscht - Kläng fir déi Kleng

asset

Vill Spaass beim Lauschteren a bis geschwënn!