search

/ "Welcome to the new Oxford Street": Brittesch Haaptakafsstrooss elo Foussgängerzon

Groussbritannien

|
reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow

"Welcome to the new Oxford Street": Brittesch Haaptakafsstrooss elo Foussgängerzon

D'Hallschent vun der bal zwee Kilometer laanger Strooss ass elo fir den Trafick gespaart. An den nächste Jore soll och déi zweet Hallschent zu enger Foussgängerzon ginn. 150 Millioune Pond huet London dofir investéiert.

reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/NEIL HALL
(Foto: EPA/NEIL HALL)

Et géif sech dobäi ëm ee perséinleche Projet handelen, sot de Buergermeeschter vun London, de Sadiq Khan. Säin Asthma wier nämlech op déi schiedlech Ofgasen an der Stad zeréckzeféieren. 

Elo verschwannen den Autos- an de Bustrafick, a bis d‘nächst Joer solle méi wéi 50 Beem an der Strooss geplanzt ginn. Doriwwer eraus ass geplangt, méi wéi 100 Sëtzgeleeënheeten an Dëscher do ze installéieren.

Dram gëtt et zënter Joerzéngten

D‘Revitaliséierung vun der Oxford Street géing Aarbechtsplaze schafen, d‘Wirtschaft ukierpen an ee méi ee gréngt London schafen, sot de Buergermeeschter.

Fir vill Leit war et gëschter nach ongewinnt op der Strooss ze trëppelen. Déi meescht si léiwer um Trottoir bliwwen. Verschiddener hu Selfië gemaach mat der Strooss am Hannergrond. D‘Begeeschterung war grouss.

Den Dram vun enger Oxford Street ouni Trafick gëtt et schonn zënter Joerzéngten. Westminster Council, de Gemengerot vun deem zentrale Bezierk, an deem d’Oxford Street läit, hat sech bis elo awer ëmmer géint Projeten ausgeschwat. Dat mam Argument, d’Leit, déi do wunnen, wieren dogéint, an déi kleng Stroosse ronderëm géifen ze vill vum Trafick belaascht ginn.

Eng hallef Millioun Leit pro Dag

De Sadiq Khan als Labour-Buergermeeschter vum Greater London huet vir, sech net vun der lokaler Oppositioun bremsen ze loossen. Hien huet extra eng Entwécklungsgesellschaft gegrënnt, déi him d‘Kontroll iwwer den Developpement vun der Oxford Street gëtt. Vun der Labour-Regierung krut hien dunn och Gréng Luucht. 

D‘Akafsstrooss ass e wichtegen Deel vun der Londoner Ekonomie. 10 Prozent vum Londoner PIB ginn do realiséiert. Et gëtt geschat, datt all Dag eng hallef Millioun Leit duerch déi Strooss ginn.

Image duerch gefälschte Wuere beschiedegt

Mee vun der Covid-Pandemie huet si sech nach ëmmer net richteg erholl. Grouss Akafszentren hunn zougemaach. Et koume Vape Shops a Souvenir-Butteker bäi, vun deenen der eng Rëtsch wéinst gefälschte Wueren a Steierbedruch erëm zougemaach goufen. Dat huet dem Image vun der Akafsstrooss natierlech geschuet.

De Projet vun der Foussgängerzon huet elo awer nei Commercen ugelackelt. Warner Brothers soll am Hierscht hei en offiziellen Harry Potter Store opmaachen. Datt dee vill Touriste wäert unzéien, ass garantéiert.

play_arrow Lauschteren