search

/ Wéinst Sécherheetsrisk solle Mataarbechter vun US-Botschaft aus Israel ausreesen

Iran

|
headphones

1 min

Wéinst Sécherheetsrisk solle Mataarbechter vun US-Botschaft aus Israel ausreesen

D‘USA hunn de Mataarbechter vun der US-Botschaft an Israel d‘Erlabnis gi fir auszereesen. Donieft sollen och d‘Amerikaner an Israel d‘Land verloossen. Dat op Grond vu Sécherheetsrisiken, heescht et offiziell.

headphones

1 min

© EPA/ABEDIN TAHERKENAREH
(Foto: EPA/ABEDIN TAHERKENAREH)

Och China huet haut hir Staatsbierger:innen dozou opgefuerdert, besonnesch opmierksam ze sinn an hir Sécherheetsvirkéierungen ze verstäerken, well de Risiko vun engem neie Konflikt am Noen Oste méi grouss gëtt. Chineesesch Staatsbierger:inne sollen iwwerdeems den Iran esou séier wéi méiglech verloossen.

Den US-President dreet dem Iran mat engem Ugrëff, wann d‘Verhandlungen iwwer en Atomprogramm sollte scheiteren. Am Fall vun engem US-Ugrëff, géif een domat rechnen, datt den Iran dann US-Punkten an Israel kéint ugräifen, wéi den Iran an der Vergaangenheet scho gedreet hat.

Den Donald Trump hat der iranescher Regierung en Ultimatum bis Ufank Mäerz gestallt.