Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weideren Austosch vu Geiselen a Prisonnéier

Noen Osten

Weideren Austosch vu Geiselen a Prisonnéier

Haut solle weider israeelesch Geisele vun der Hamas fräigelooss ginn, dat mellt Israel. De Moien elo geet riets vu 14 Leit déi frei kommen, Israel wëllt en Echange 42 palästinensesche Prisonneier fräi loossen. 

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Gëschter waren am ganze 24 Geisele fräikomm: 13 Israeelien, an 11 Auslänner déi viru siwe Woche vun der Hamas an d‘Gazasträif verschleeft gi waren.

Déi israeelesch Geisele gi medezinesch betreit. Aus de Spideeler heescht et, hir kierperlech Verfassung wier no de siwe Woche Geiselhaft, éischten Erkenntnisser no awer gutt.

Israel huet als Géigepart 39 palästinensesch Prisonéier fräigelooss – Jugendlecher ënner 18 a Fraen. Parallel gëllt zanter gëschter eng Waffepaus – déi dräi weider Deeg soll goen. Gëschter konnt doropshi verstäerkt humanitär Hëllef an d‘Gazasträif era gefouert ginn.

Den US President Joe Biden sot, et géif alles dru gesat ginn, och déi aner Geisele fräi ze kréien. Si wieren a Kontakt mam Katar, Ägypten an Israel. Hien huet widderholl, dass de Konflikt nëmme kann duerch eng Zwee Staate Léisung geléist ginn. Dorunner ze schaffen, wier elo méi wichteg ewéi jee, esou de Biden.