Radioen

On air

Notturno  |  William Doyle - Now In Motion

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Loftattacke vun der israeelescher Arméi

Noen Osten

Weider Loftattacke vun der israeelescher Arméi

An der leschter Nuecht wieren 10 Leit vun där selwechter Famill bei Loftattacken an der Géigend Khan Yunis ëm d’Liewe koum. Dat mellen déi palästinensesch Autoritéiten.

 

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

12 International Hëllefsorganisatioune fuerderen, datt si hir Aarbecht anstänneg maachen dierfen. Ënner deenen 12 ass och Care, där hir Lëtzebuerger Sektioun den deementspriechende Communiqué publizéiert huet.

Zënter dem Enn vum Waffestëllstand - viru 5 Wochen - hätte bal all international a palästinensesch Hëllefsorganisatioune mat hirer Aarbecht an der Gazasträif opgehalen.

43 Organisatioune wieren et gewiescht. 95 Prozent dovu géif net méi schaffen.

D'Populatioun an der Gazasträif misst de Präis bezuelen - virun allem Fraen a Kanner. Déi aktuell Situatioun wier dat schlëmmst humanitäert Versoe vun eiser Generatioun, esou de Communiqué. D'Hëllefsorganisatioune kritiséieren déi israeelesch Regierung, déi zënter Ufank Mäerz eng Blockade fir Hëllefsliwwerungen decidéiert huet. Dobäi hu mir Hëllefsgidder bereet stoen, mir hu medezinescht Personal, schreiwen d'ONG - et feelen Autorisatiounen, an d'Garantië vun den israeeleschen Autoritéiten, datt d'Hëllefspersonal a Sécherheet an der Gazasträif ka schaffen.