Den 11. Dezember huet d’Conférence intergouvernementale franco-luxembourgeoise stattfonnt. Dat ass normalerweis all Joers de Fall, och wann déi lescht schonn zwee Joer zeréckläit.
Pressekonferenz ouni de Ministre délégué
Op där Reunioun gesi sech zwee Aarbechtsgruppen, zesummegestallt vun de respektive Regierungen, fir iwwer déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht ze schwätzen. D’Sujete si vast: Fiskalitéit, Sozialpolitik, Santé, Educatioun, Sécherheet a Protection civile.
D’Reunioun vum 11. Dezember war an deem Sënn intressant, well de franséische Vertrieder, de Ministre délégué de l’Europe Benjamin Haddad, un der leschter Pressekonferenz net deelgeholl huet.
Waren d’Onstëmmegkeeten tëschent Frankräich a Lëtzebuerg esou grouss, datt et zum Eclat komm ass? De franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, de Christophe Bouchard, dementéiert dat.
Net bei alle Sujeten "déi selwecht Visiounen"
Am Géigendeel: Et wieren eng Rei Accorden a verschiddene Beräicher ënnerschriwwe ginn. Mee dat géing an de Medien net traitéiert ginn.
"Et intresséiert ee sech just fir déi Zich, déi Retard hunn. Net awer fir déi, déi pünktlech sinn", seet dozou de Christophe Bouchard.
Den Diplomat gëtt awer och zou, datt et puer Sujete ginn, op deene Lëtzebuerg a Frankräich "net déi selwecht Visiounen hunn".
Teletravail fir Frontalieren: Eng onfair Situatioun fir Frankräich?
Konkreet geet et ëm den Teletravail vun de Frontalieren. Méi genee ëm d’Besteierung. Aktuell kann ee franséische Frontalier bis zu 34 Deeg Teletravail maachen. Seng Steiere bezilt hie weiderhin integral zu Lëtzebuerg.
Dës Limitt soll awer nees erhéicht ginn. Virdru louch se bei 29. Frankräich schwätzt vu ronn 90 Deeg, Lëtzebuerg vu ronn 45.
Gläichzäiteg verlaangt Frankräich awer och, datt eng weider Augmentatioun vun där Limitt steierlech Konsequenze misst hunn. Konkreet soll de franséische Frontalier - vun deenen et der ronn 126.000 ginn - also och a Frankräich besteiert ginn, an net méi just zu Lëtzebuerg.
Lëtzebuerger Géigepropos stéisst op net vill Enthusiasmus
Géing een d’Limitt also nach emol erhéijen - beispillsweis op 90 Deeg Teletravail pro Joer - wier et onfair, wa just Lëtzebuerg vun de Steiere profitéiere kéint, schliisslech géing de Salarié jo och vill Zäit bei sech doheem verbréngen, an net am Grand-Duché.
Lëtzebuerg huet proposéiert, an Infrastrukturprojeten an der franséischer Grenzregioun ze investéieren. Dovunner kéinte schliisslech béid Länner profitéieren. Fir de Christophe Bouchard géing dat awer näischt um Desequiliber änneren.
Och wa just d’Hallschent vun de franséische Frontaliere vum Teletravail betraff ass, wiere sech béid Länner eens, datt eppes gemaach muss ginn. Den Ambassadeur ass och optimistesch, datt bis Enn 2026 eng Léisung um Dësch leie kéint.
Chômage: Frankräich hofft op EU-Reglement
En anere Knackpunkt ass d’Indemnisatioun vun de Chômeuren. Wann e Frontalier seng Aarbecht verléiert, këmmert sech Frankräich ëm d’Allocation de Chômage. Lëtzebuerg rembourséiert just 3 vun 12 Méint.
Frankräich wëllt entweder, datt dat op 5 Méint erhéicht gëtt, hofft am Idealfall awer op en europäescht Reglement. Dëst Reglement gesäit vir, datt d’Land, an deem een ugestallt war, de Chômage bezilt, an net d’Land, wou ee wunnt.
Relatioune si weiderhin "exemplaresch"
Vun Drock, dee Frankräich op de Grand-Duché ausübe kéint, wëllt de Christophe Bouchard näischt wëssen. Béid Länner géingen éischter den Drock vu bausse spieren. Et sinn nämlech déi vill Frontalieren, déi op Léisungen an deenen Dossiere waarden.
Sinn d’Relatiounen tëschent béide Länner dann nach ëmmer "exemplaresch", wéi de Xavier Bettel rezent gemengt huet? Definitiv, seet de franséischen Diplomat.
An de ganz grousse Sujete wier een ëmmer nach op enger Linn. Sief dat déi international Politik, de Klimawandel, oder d’Europäesch Unioun. Deen ee kéint op deen aneren zielen, huet de Christophe Bouchard verséchert.