Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi schützt ee sech virun Abréch?

Den Hallwer Néng

Wéi schützt ee sech virun Abréch?

Och wa keen zu honnert Prozent virun Abréch ka sécher sinn, ginn et preventiv Mesure fir de Risiko ze limitéieren. Den Tim Pauly vum nationale Service fir Kriminalpreventioun bei der Police weist op Schwaachstellen hin a beäntwert d’Froen, déi sech zum Theema Abroch stellen.

auto_stories

3 min

headphones

18 min

© Tessy Steffen Koenig play_arrow
Foto: Tessy Steffen Koenig

Fir den Hallwer Néng ass d’Tessy Steffen Koenig mam Tim Pauly vum Nationalen Service fir Kriminalpreventioun vun der Police an engem Privathaus, an deem et eng Rei Schwaachstellen am Fall vun engem Abroch ginn. Zesumme mam Hausbesëtzer maache si sech op d’Sich no dëse Schwaachpunkten a weisen, wat een ausbesseren an norëschte kann.

Typesch Schwaachstelle fir Abréch

Den Tim Pauly erkennt direkt eng Rei Schwaachstellen, déi en Abriecher ausnotze kéint, fir an d’Haus anzedréngen. Den Opbau vum Haus wier ëmmer wichteg. All Haus hätt aner Mierkmoler an domat och Schwaachpunkten. Hannenaus wier an der Reegel am geféierlechsten, mee och op Dieren a Fënsteren am Keller misst een oppassen.

Nei Fënstere wiere schonn op engem héije Sécherheetsstandard, mee et kéint een se trotzdeem op der Säit vum Grëff opbriechen an de Grëff dann ëmleeën. Och Gaardegeschier, ewéi zum Beispill eng Leeder, sollten net am Gaart leie gelooss ginn. Domat kéinten d’Abriecher direkt iwwer den éischte Stack an d’Haus erakommen.

Preventiouns-Moossnamen

Hannenaus an op Terrasse wier uerdentlech Beliichtung ganz wichteg, heescht et vum Tim Pauly. Mat engem Beweegungssensor kéint een domat schonn den Abriecher ofschrecken. Dat kéint een och zum Beispill mat enger App verbannen, déi engem um Handy matdeele wann de Sensor ausgeléist gëtt.

Generell wier géif den Tim Pauly an de meeschte Fäll eng einfach Alarmanlag uroden. Eleng d’Këscht baussen un der Fassad wier genuch fir Abriecher ewechzehalen. Magnéitkontakter op Dieren a Fënstere wieren hei wichteg, fir datt den Alarm och ausgeléist gëtt, wann ee probéiert an d’Haus anzedréngen.

Den Tim Pauly schléit och vir, virun allem an de Wanterméint, d’Haus net komplett verlooss zeréckzeloossen. Oft wier et schonn däischter, wann een owes heemkéim, an do wieren Abriecher am aktiivsten. Timeren un de Luuchte géifen zum Beispill dofir suergen, datt et esou ausgesäit wéi wann een doheem wier.

Och de Kontakt mat der Noperschaft wier wichteg. Jiddereen e bëssi op den Aneren oppassen, zum Beispill wann een an der Vakanz ass. Wann een en Alarm héiert kéint ee vläicht kucke goen an am Fall vun engem Abroch d’Police kontaktéieren.

De Service vun der Police

De Service fir Kriminalpreventioun vun der Police bitt all méiglech Informatiounen zum Schutz virun Abréch um Site vun der Police un. Et kann een och de Service per Mail, Uruff oder Formular erreechen, fir sech zousätzlech gratis beroden ze loossen.

Et géing och d'Méiglechkeet bestoen, fir ee Formular anzereechen, wann een an d'Vakanz fiert. Esou hätt d'Police direkt ee Kontakt, falls et zu engem Abroch kéim. 

Lauschterenplay_arrow


Interview: Tessy Steffen Koenig

Text: Kevin Nilles