Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi geet et weider mat Scholz, Lindner a Wagenknecht?

Bundestagswalen 2025

Wéi geet et weider mat Scholz, Lindner a Wagenknecht?

De Friedrich Merz wäert wuel de nächster Kanzler ginn, dat ass kloer. Eng ganz Réi aner Spëtzepolitiker:inne wäerten elo no de Walen awer eng ganz aner Roll kréien. De Matthias Kirsch gëtt Andréck vu Berlin. 

auto_stories

2 min

Scholz (SPD), Lindner (FDP), Wagenknecht (BSW) | © Archiv
Scholz (SPD), Lindner (FDP), Wagenknecht (BSW) (Foto: Archiv)

Vum Kanzler zum Deputéierten

Den Olaf Scholz wäert no senger Zäit als Bundeskanzler elo mol aus der éischter Réi vun der SPD verschwannen. Do wäerte Leit, wéi de Lars Klingbeil oder de Boris Pistorius lo mol iwwerhuelen. Relativ séier no den éischte Prognose sot den Olaf Scholz schonn um Walsonndeg, datt hie keng grouss Roll géif spillen an de méigleche Koalitiounsverhandlunge mat der Unioun. Dat war z’erwaarden, den Olaf Scholz ass mam Zil ugetrueden, nees Kanzler ze ginn. Dat huet hie verfeelt. Mee hien huet awer säi Walkrees zu Potsdam bei Berlin gewonn a sot och schonn, hie géif dat Mandat untrieden. Vum Kanzleramt op d’Plaz vun engem einfachen Deputéierten, dat ass schonn aussergewéinlech. 

Definitiv eraus: Fréiere Finanzminister an FDP-Chef Christian Lindner

Seng politesch Karriär war ganz enk mam Succès vun der FDP verbonnen an et war déi logesch Konsequenz, datt hien och d’Verantwortung dréit, elo wou d’FDP aus dem Bundestag geflunn ass. 

De Christian Lindner war eng zentral Figur am Broch vun der Ampel gewiescht. Hien huet dee Broch ganz konkret mat virugedriwwen a provozéiert. Et war eng Wett op Neiwalen, an déi Liberal hunn déi Wett verluer. Et ass z’erwaarden, datt de Christian Lindner sech elo mol kuerz aus der Ëffentlechkeet zeréckzitt. Hie gëtt geschwë fir d’éischte Kéier Papp, mee hien ass gutt vernetzt an der däitscher Wirtschaft, hie wäert sécherlech eenegermoosse mëll falen. 

D'Fra déi mat hirem Numm fir eng Partei steet

D’Sahra Wagenknecht huet u sech och ëmmer de Succès vun der Partei mat hirem eegene Schicksal verbonnen.  Elo ass d’Partei net am Bundestag. D’Cheffin sot awer um Walsonndeg schonn, datt et géif weider goen. Et ass eebe Fakt, datt d’BSW an zwee däitsche Bundeslänner an der Regierung ass, a Brandenburg an an Thüringen. Iwwerdeems sëtzen si am Europaparlament. 

Um Méindegmoien, no de Walen, huet d’Sahra Wagenknecht och ugekënnegt, d’Walresultat wéilten iwwerpréiwen ze loossen. Et hu just knapp 13.000 Stëmme gefeelt fir an de Bundestag ze kommen. Et ass schwéier sech virzestellen, datt si elo vun engem Dag op deen aneren d’Partei sech selwer iwwerléisst.