Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Mir wëlle bleiwe wou mir sinn"

D'Zukunft vum Îlot gastronomique um Fëschmaart

"Mir wëlle bleiwe wou mir sinn"

Enn Oktober huet de leschte Restaurant am Îlot gastronomique um Fëschmaart seng Dieren zougemaach. No der Fermeture vum "Am Tiirmchen" ass elo just nach d’Wäibar “Dipso” op. D’Zukunft vum geschichtsträchtege Komplex mam ikonesche Sproch "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" op engem Tiermchen, ass nach ëmmer ongewëss. D’Gebaier an der Rue de la Loge riskéieren zu Ruinen ze verkommen, mee kee fillt sech esou richteg verantwortlech dofir. D’Paule Rodesch ass der Saach op d’Spuer gaangen.

auto_stories

11 min

headphones

6 min

Dofir musse mir fir d’éischt ee Bléck an d’Vergaangenheet geheien. Den Îlot Gastronomique gehéiert zanter 1991 der Famill Nilles. De Léon Nilles, fréiere President vun der Sécurité routière an Hotelier, wollt de Kär vun der Stad mat dësem Restaurantskomplex beliewen. No sengem Doud am Joer 2017 huet bei de Verbliwwenen den Interessi un neien Investitiounen an der Rue de la Loge awer massiv ofgeholl. Schonn d’lescht Joer am Oktober gouf probéiert, d’Gebaier ze versteeën: Ouni Succès. De Proprietär wëll op eis Nofro awer ëmmer nach verkafen a keng Sue méi dra stiechen.

 No der Fermeture vum "Am Tiirmchen" ass elo just nach d’Wäibar “Dipso” op. | © Paule Rodesch
No der Fermeture vum "Am Tiirmchen" ass elo just nach d’Wäibar “Dipso” op. (Foto: Paule Rodesch)

Kommunikatioun mam Proprietär: "c’est pénible"

Gekoppelt mam zanter Jore schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld fir Restaurateuren huet dat als Konsequenz, datt d’Gebaier verkommen, an d’Locatairen no an no d’Handduch werfen. D’"Goethestuff" war schonn 2018 als Faillite deklaréiert ginn. De "Bouquet Garni" vum Thierry Duhr huet am Juni seng Dieren zougemaach. Hie bleift weiderhi Locataire, envisagéiert awer net, fir an nächster Zukunft säi Restaurant nees opzemaachen. Mat ee Grond dofir: déi schlecht Relatioune mam Proprietär.

"Travailler avec des gens comme ça, c’est très difficile. C’est déjà un métier qui est très difficile. Et si en plus vous avez un propriétaire qui tout le temps vous est derrière à vous mettre la pression etc., qui ne veut pas faire de travaux, parce qu’il estime que ce n’est pas à lui que ça incombe et qu’on est tout le temps embêté que ce soit pour le gaz, pour l’eau chaude, pour ceci, pour ce - enfin c’est pénible, c’est pénible."

De "Bouquet Garni" vum Thierry Duhr huet am Juni seng Dieren zougemaach. | © Rick Mertens
De "Bouquet Garni" vum Thierry Duhr huet am Juni seng Dieren zougemaach. (Foto: Rick Mertens)

Ee Manktem u Kommunikatioun reprochéiert och d’Cheffin vum "Am Tiirmchen" de Proprietären. Fir d’Hilary Porteus waren awer d’Coronapandemie an d’Energiekris d’Haaptausléiser fir d’Fermeture vun hirem Restaurant, dee si 19 Joer laang am Îlot gastronomique bedriwwen huet.

"Wann et reent, da kënnt kee Mënsch. Mir sinn ze wäit ewech vum Transport commun. Och zanter Covid ginn d’Leit manner aus, si drénke manner: Si ginn an eng Wäibar fir Wäin ze drénken, mee si drénke kee Wäin an engem Restaurant. Fir weider ze fueren hätt ech elo missten dräi Leit astellen, dräi Salairen. Ech war net sécher, datt ech dat kéint decken all Mount."

Onzoumuttbar Ëmstänn am Gebai

Elo hätt si sou just genuch Suen, fir alles ofzebezuelen, sou d’Hilary Porteus. Eenzegen Acteur am Restaurantskomplex um Fëschmaart bleift elo nach d’Tanja de Jager, fréier DP-Gemengeconseillère an der Stad, mat hirer Wäibar “Dipso”. Si schwätzt vun enger gudder Kommunikatioun mat der Proprietärsfamill. Datt esouvill Raimlechkeeten an Tëscht eidel stinn, hätt awer natierlech en Impakt op hiert Lokal.

"Mir hu reegelméisseg eng Fuite vun deem Lokal iwwert eis, do misste Saache geschéien natierlech. Ech verstinn awer och, datt d’Famill Nilles keng Loscht huet, do nach vill ze investéieren, wa se probéieren, et ze verkafen a wa se souwisou kee méi ranhuelen, fir ze verlounen, verstinn ech och. Mee et ass natierlech schued. Et misst ganz vill dra gemaach ginn."

D’Zoustänn am Komplex wieren um Enn net méi zoumuttbar gewiescht. Dofir mécht den Thierry Duhr sengersäits awer och d’Gemeng responsabel.

Ee Manktem u Kommunikatioun reprochéiert och d’Cheffin vum "Am Tiirmchen", d'Hilary Porteus. | © Paule Rodesch
Ee Manktem u Kommunikatioun reprochéiert och d’Cheffin vum "Am Tiirmchen", d'Hilary Porteus. (Foto: Paule Rodesch)

"Le passage au milieu qui traverse donc tout l’îlot est public, donc il y a les conséquences des soirées bien arrosées, il y a les pipis, il y a le vomis, il y a les seringues...Il y a tout quoi, plus les cambriolages qui sont quand même assez fréquents."

Contraintë wéinst dem Denkmalschutz?

Groussen Handlungsbedarf also: Op eis Nofro beim Proprietär, deen net mam Numm wëll genannt ginn, wier den Îlot gastronomique ee ganz komplizéierten Objet. Well en ënner Denkmalschutz steet, wiere ganz vill Intervenanten an d’Diskussioune mat potentiellen Investisseure mat agebonnen. Et hätt ee flotte Projet ginn, dee sech awer um Enn, wéinst deene ville Contrainten, déi mam Denkmalschutz verbonne wieren, als komplizéiert eraus gestallt hätt.

Den Direkter vum INPA, dem fréiere Sites et monuments, Patrick Sanavia, wosst op eis Nofro awer näischt vun engem Dossier, dee sengem Institut an deem Sënn virgeluecht gi wier.

Fir d’Tanja de Jager ass déi eenzeg Solutioun déi, datt d’Gemeng Lëtzebuerg oder de Staat den Îlot gastronomique géifen iwwerhuelen. Fir e privaten Investisseur wier d’Envergure einfach vill ze grouss.

"Wat een do muss investéieren, fir datt een herno kann e Buttek, et muss jo e Buttek oder e Restaurant sinn um Rez-de-Chaussée, dat ass jo d’Gesetz vun der Ville de Luxembourg, fir dat ze verlounen, dat gëtt nimools an engem Liewen erëm erageschafft."

D’Proprietärin vum "Am Tiirmchen", d'Hilary Porteus, stellt an deem Kontext generell den Zwang fir eng kommerziell Notzung vum Îlot a Fro.

"Sites et monuments sollt zwar wierklech iwwerleeën iwwert d’Utilitéit dovun nees ganz vill Restauranten hei dran ze hunn a Mol probéieren, wann een Investisseur do ass, ee Kompromëss ze fannen, fir datt e Gebai nees lieft a renovéiert gëtt."

"Mir wëlle bleiwe wou mir sinn"

Grad ewéi d’Tanja de Jager hunn awer och d’Hilary Porteus an den Thierry Duhr Gefalen un der Iddi, datt d’Gemeng de Komplex kéint opkafen. Do besteet awer aktuell keen direkten Interessi dorunner, äntwert eis op Nofro den CSV-Tourismusschäffe Maurice Bauer. Vu Säite vun de Locatairen oder Proprietären hätt et och nach kee Versuch ginn, fir Kontakt opzehuelen.

"Mir sinn am Moment och amgaange vill ze investéieren op anere Plazen. Entweder wann et ëm d’Konzept vun de Pop-up-Storë geet, respektiv wann et ëm de soziale Wunnengsbau geet, sou datt dat hei eigentlech eppes ass, wou mir eis bis elo nach net domat befaasst hunn, well et eng Surface commerciale privée ass, déi u sech um private Marché ass a wou bis elo nach net sou eng Ufro op alle Fall komm ass."

Fir d’Tanja de Jager ass déi eenzeg Solutioun déi, datt d’Gemeng Lëtzebuerg oder de Staat den Îlot gastronomique géifen iwwerhuelen. | © Paule Rodesch
Fir d’Tanja de Jager ass déi eenzeg Solutioun déi, datt d’Gemeng Lëtzebuerg oder de Staat den Îlot gastronomique géifen iwwerhuelen. (Foto: Paule Rodesch)

De Ball léich deemno beim Proprietär.

"Wann do sou eng Demande géif kommen, natierlech setze mir eis dann un den Dësch an da kucke mir wéi, wat, wou, mee dat ass am Moment d’Situatioun."

Fir de Moment bleift d’Zukunft vum Îlot gastronomique um Fëschmaart also weiderhin ongewëss. Fir d’Locatairen ass just eent kloer, sou d’Tanja de Jager:

"Sou wéi et um Tiirmche geschriwwen ass: net “mir wëlle bleiwe wat mir sinn”, mee “wou mir sinn.”

Lauschterenplay_arrow