D’Police recommandéiert de Leit virun allem, hir Gewunnechten unzepassen.
Wichteg Moossname sinn:
-
Dieren a Fënsteren ëmmer zouspären
-
Keng Fënstere gekippt loossen
-
Alarmsystemer an Iwwerwaachungskameraen installéieren
-
Beweegungssensoren oder digital Schellen, déi Notifikatiounen op den Handy schécken, kënnen zousätzlech Hëllef bidden
Wéini passéieren d’Abréch?
Et gëtt keng fix Zäit fir Abréch – si kënne moies, mëttes oder owes geschéien. Virun allem wann d’Leit net doheem sinn, beispillsweis wann et schonn um 17 Auer däischter ass an d’Leit nach um Büro schaffen, sinn d’Haiser awer méi vulnerabel.
Wat maache wann een an d'Vakanz fiert?
D’Police bitt de Service "Départ en vacances" un. Iwwert en Online-Formular kënnen d’Leit Datumer, op deene si fort sinn uginn. Déi lokal Police hält d’Haus dann an där Zäit am Bléck. Wichteg ass et, eng Kontaktpersoun unzeginn, déi eventuell an dëser Zäit op d’Haus oppasse kënnt.
Gratis Sécherheetsberodung a Recommandatiounen
D’Police bitt och eng gratis Berodung un, bei där e Spezialist op d’Plaz kënnt, fir Schwaachstellen am Haus ze analyséieren a Recommandatioune fir Verbesserungen ze maachen. Zousätzlech ass eng Ausstellung op der Police-Direktioun zougänglech, wou Interesséierter modern Sécherheetsléisungen, wéi Anti-Abroch-Fënsteren oder Alarmsystemer, kenneléiere kënnen.
Dësen Encadrement ass eng gutt Geleeënheet fir d’Sécherheet ze verbesseren, besonnesch wann ee renovéiert oder nei baut.
Kontakt mat der Police
Fir méi Informatiounen oder ee Rendez-vous auszemaachen, kënnen d’Leit sech bei der lokaler Police mellen.
D’Police ënnersträicht, datt dës Moossnamen hëllefe kënnen, Abréch ze verhënneren, a rifft d’Bierger op, proaktiv hiert Heem ze schützen.