Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Projet fir déi nächst fënnef Joer?

Kommentar

Wéi ee Projet fir déi nächst fënnef Joer?

De Sonndeg an dräi Woche wielt Lëtzebuerg een neit Parlament: Et ass zimmlech oppe wéi eng Majoritéit sech wäert kënnen no de Chamberwale vum 8. Oktober forméieren: Et gi keng Koalitiounsaussoe gemaach, an d'Ëmfroewäerter géife verschidden Zenarien zouloossen. Wann d'Inhalter am Walkampf scho keng grouss Roll spillen, musse se an de Koalitiounsgespréicher awer eescht geholl ginn. Ee Kommentar vum Jean-Claude Franck.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
De Walkampf ass voll am gaangen. (Foto: Jo Diseviscourt)

Walkampf am Joer 2023. Fënnef Joer no de leschte Chamberwalen. Fënnef Joer, an deenen déi sozial Reseauen eise Mediekonsum weider verännert hunn. An d'Politik passt sech un: An engem Walsystem, an deem ee ka panachéieren, an d'Sympathiewäerter also eng ëmmer méi grouss Roll spillen, ass et ville Kandidaten a Kandidatinne virun allem wichteg eng privat Säit ze weisen. Datt se gär lafe ginn, gär kachen, Geméis am Gaart ubauen, mam Hond spadséiere ginn oder hiert léift Heemechtsland op Autopedestren entdecken.

Dat maache Verschiddener dann och léiwer wéi sech faktuelle Quizfroen iwwer hire Walprogramm ze stellen: D'Spëtzekandidate Luc Frieden (CSV) a Xavier Bettel (DP), déi dës Woch schonn als Invité vum Dag bei eis am Eenzelinterview waren, hu refuséiert, eisen zousätzleche Suedeltest matzemaachen, an deem mir eisen Nolauschterer an Nolauschterinne weise wollten, wéi suedelfest eis Gäscht sinn, wann et ëm hire Walprogramm geet. Dat seet eppes aus.

Mee méi Schued ass et nach, datt d'politesch Positiounen allgemeng méi an den Hannergrond réckelen. D'Walprogrammer, méiglech Léisungsusätz fir d'Probleemer vun de Leit a vum Land, couragéis oder souguer vläicht ëmstridden Iddien, sinn am Joer 2023 nach manner wichteg, wéi an de leschte Walkämpf.

Wann dat scho sou ass, da muss een awer ee waarmen Appell un all déi Parteie maachen, déi nom 8. Oktober Koalitiounsgespréicher matenee féieren: Wann ech gelift, riicht Äert Handelen net exklusiv no Popularitéitswäerter aus, mee huelt Iech Zäit fir ee substantielle Projet fir déi nächst fënnef Joer auszeschaffen, och wann dat heescht, datt een dofir fir d'éischt muss seriö d'Käpp zesummestiechen. Well et gi grouss Erausfuerderungen, déi een net just mat Joggen a bësse Geméisubau am eegene Gaart léise kann.

De Klimawandel ass en evidenten Defi, d'Wunnengsnout an d'Auserneegoe vun der sozialer Schéier och. Déi grouss Parteien, déi fir d'Koalitioun a Fro kommen, hu bis elo esou e Projet vermësse gelooss. De Projet vun deenen, déi d'Dräierkoalitioun weider féiere wëllen, ass et virun allem, fir ouni d'CSV ze regéieren, an der CSV hire Projet ass et, fir einfach nees un d'Muecht ze kommen. Dat geet ganz kloer net duer.

Lauschterenplay_arrow