D’Welt gëtt ëmmer méi komplex, an de Lëtzebuerger Schoulsystem och. De Mike Engel, erkläert, Schüler sech an der Maison de l'Orientation kënne berode loossen, wann se nom richtege Lycée oder der richteger Uni sichen. Um Site mengschoul.lu kann ee sech schonn op enger Kart déi vill verschidde Schoulen ukucken. Den Iwwerbléck ze behalen ass awer trotzdeem schwiereg. Dofir wier déi individuell Berodung och wichteg.
"An de Berodungsgespréicher passe mir eis wierklech de Leit un. All Persoun kucke mir cas par cas, an hirem Parcours, do wou se steet. Dat wat se bis dohinner gemaach huet. Oft kommen d'Leit och heihinner an d'Froe sinn nach net sou ganz kloer. Dat heescht mir hëllefen och d'Froe kloer ze formuléieren. A fir rauszefannen, mat hinnen zesummen, wat si iwwerhaapt interesséiert a wat si genee sichen."
D'Beroder a Beroderinnen hätten och déi néideg Connectiounen an de Schoulen. Och déi si wichteg fir Renseignementer kënne weider ze ginn, betount de Mike Engel.