Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat musse Schwammmeeschter:innen alles kënnen?

Den Hallwer Néng

Wat musse Schwammmeeschter:innen alles kënnen?

Et ginn net genuch Schwammmeeschter:innen. Dee Problem ass bekannt. Verschidde Schwämme sinn dofir net méi esou laang op. Dobäi ass de Beruff vill méi villsäiteg wéi ee mengt. Mir waren op Rodange an d’Schwämm kucken, an hunn och nogefrot, firwat et sou wéineg Schwammmeeschter:inne gëtt.

auto_stories

4 min

headphones

17 min

Céline Larosche Lenny Gammar | © Rick Mertens play_arrow
D'Céline Larosche an de Lenny Gammar. (Foto: Rick Mertens)

D’PIKo Piscine zu Rodange mécht um 10 Auer hir Diere fir Visiteuren op. D’Schwammmeeschtesch Céline Larosche ass schonn um 7 Auer do. Een éischten Indice dofir, datt de Beruff méi verlaangt, wéi just nieft dem Baseng ze sëtzen an opzepassen.

Een ofwiesslungsräichen Alldag

Moies fréi stinn administrativ Tâchen um Programm, erkläert d’Céline Larosche. Si ass eng vun 9 Schwammmeeschteschen a Schwammmeeschter an der Gemeng Péiteng. Dobäi kommen nach 4 Leit an der Ausbildung.

Zu den Aufgabe moies fréi gehéiert awer och no der Waasserqualitéit ze kucken. D’Waasser gëtt ënner anerem op de pH- a Chlorwäert kontrolléiert. Wann déi sech net bannent enger Norm befannen, da muss nogebessert ginn, erkläert d’Rodanger Schwammmeeschtesch.

De Baseng selwer gëtt mat engem Waasserstaubsauger gebotzt. Ofschléissend muss ee Kontrollgang gemaach gi fir ze kucken, ob beispillsweis keng Plättercher lass sinn, un deene sech Leit blesséiere kéinten.

An dann dierfen d’Schwammmeeschter:innen eppes maachen, wat soss strengstens verbueden ass: d’Rutschban ropkloteren. Dat maache si awer net aus Spaass, mee fir d’Rutschban op méiglech Rëss ze kontrolléieren.

D'Schoulgesetz vun 2010

Datt de Beruff méi villsäiteg ass, wéi déi meescht Leit mengen, kéint ee Grond si firwat et zu Lëtzebuerg e Manktem u Schwammmeeschter gëtt.

Ëmmer nees liest ee vu Schwämmen, déi hir Diere mussen zoumaachen, well et net genuch Leit gëtt, déi dem Beruff wëlle nogoen. Rezent Beispiller sinn d’Piscine zu Walfer an déi oppe Schwämm zu Gréiwemaacher.

D’Céline Larosche ass sech bewosst, datt een an der Gemeng Péiteng Chance huet, souvill Schwammmeeschter:innen  - an och Léierbouwen – ze hunn. De Problem, datt et am Beruff u Leit feelt, besteet awer.

D’Ännerung vum Schoulgesetz am Joer 2010 hätt de Beruff manner intressant gemaach, mengt d’Céline Larosche. Deemools gouf festgehalen, datt d’Schwammmeeschter:innen d’Schwammcoursen net méi halen dierfen. Si dierfen de Proffe just nach assistéieren. Et sief dann, Léierpersonal a Schwammmeeschter:inne géinge sech anerwäerts arrangéieren.

D’Céline Larosche bedauert dës Ëmstänn. Vill Jonker géingen de Beruff wielen, fir ebe grad mat jonke Leit ze schaffen. Ausserdeem mécht d’Bäibrénge vum Schwammen ee groussen Deel vun hirer Ausbildung aus.

Een, dee geschwënn um Enn vu senger Ausbildung ukomm ass, ass de Lenny Gammar. Hien huet sech fir de Beruff vum Schwammmeeschter entscheet, well et him d’Méiglechkeet gëtt, de Sport mam Berufflechen ze verbannen, a fir kënne mat Kanner ze schaffen.

“Schwammmeeschter ass ee soziale Beruff”

Datt ee méi wéi just passabel schwamme kënne muss, dat huet hie wärend der Ausbildung gemierkt. Chimie ass ee Fach, wat déi dräi Joer laang um Programm steet. Éischt Hëllef a Rettungsschwamme gehéiere genau sou dozou wéi Konfliktmanagement. “Schwammmeeschter ass ee soziale Beruff”, sou de Lenny Gammar.

De Lenny Gammar ass geschwënn mat senger Ausbildung fäerdesch. | © Rick Mertens
De Lenny Gammar ass geschwënn mat senger Ausbildung fäerdesch. (Foto: Rick Mertens)

Mee och hien deelt d’Meenung vun der Céline Larosche, datt et schued ass, de Kanner an der Schoul d’Schwammen net kënne bäizebréngen.

“Et ass frustrant, wann ee seng Kompetenzen net kann ausliewen.”

Léierbouwe wéi de Lenny sinn awer éischter rar zu Lëtzebuerg. Dofir och de Manktem u Nowuess. Leit aus dem Ausland unzestelle geet awer och net sou einfach, wéi d’Céline Larosche umierkt.

Däitsch Schwammmeeschter:inne kënnen zu Lëtzebuerg schaffen, well si déi selwecht Léier maachen. A Frankräich an an der Belsch gëtt et awer eng aner Ausbildung. Den Diplom aus deene Länner gëtt am Grand-Duché net unerkannt.

Wat d’Zukunft vun der PIKo Schwämm ugeet musse Visiteure sech awer keng Suerge maachen. Op d’Léierplaz vun dësem Joer hu sech dräi potentiell Kandidate gemellt. An de Lenny Gammar absolvéiert a gutt enger Woch säin Ofschlossexamen, iert och hie sech offiziell als Schwammmeeschter bezeechne kann.

Lauschterenplay_arrow