Wann de Grand-Duc Henri e Freideg ofdankt an den Troun sengem Fils Guillaume iwwerléisst, da geet och dem Paul Lesch seng Zäit als Chambellan um Haff op en Enn. Dat wier awer ganz normal, erkläert de Filmhistoriker am 100,7-Interview. All Grand-Duc géing sech säin Entourage selwer eraussichen.
De Chambellan ass eng historesch Funktioun, déi awer fréier an de Kinnekräicher eng aner war wéi hautdesdaags, erkläert de Paul Lesch.
“De Prinzip ass deen, datt een de Schlëssel huet zum Zëmmer vum Herrscher. Do kënnt et hier.”
"Interessant fir ee Virwëtz wéi mech”
Viru 25 Joer krut de Paul Lesch en Uruff, un deen hie sech haut nach gutt erënnert. Et war de Maréchal de la Cour, deen him um Telefon sot, datt de Grand-Duc Henri mat him schwätze wéilt. De Virwand: Hie wéilt mat Acteuren aus der Zivilgesellschaft schwätzen. Vue datt de Paul Lesch op ville Plazen aktiv ass, huet hie sech net grouss doriwwer gewonnert.
“Ech sinn dunn dohinner gaangen an do hate mir e ganz flott Gespréich. Ech mengen et war e bësse méi laang, wéi et geplangt war, well ech, wann ech bis ufänken eng Kéier mat schwätzen, ganz dacks net esou séier ophalen. An et war immens sympathesch.”
En deemools rezent Buch iwwer de René Leclère, dat vum Paul Lesch geschriwwe gouf, huet de Grand-Duc interesséiert. Eng Woch drop huet den Auteur dofir an de Palais ugeruff, fir ze froen, wou hien d'Buch fir de Grand-Duc kéint ofginn. Du sot de Maréchal de la Cour him, datt hie souwisou nach eng Kéier misst zeréckkommen. Deen Ament ass de Paul Lesch am Numm vum Grand-Duc Henri gefrot ginn, ob hie wéilt Chambellan ginn.
“An dunn hunn ech mir e puer Deeg Bedenkzäit gefrot. Et war awer relativ séier, wou ech mir gesot hunn: ‘Hei, dat ass net nëmmen eng Éier, mee et ass awer och interessant, fir ee Virwëtz wéi mech.”
"Et dierf ee sech net blaméieren"
Mee wat mécht de Chambellan elo eigentlech? De Paul Lesch erkläert, datt et seng Roll war, de Grand-Duc a sengem Domaine - dat heescht am Film - um Lafenden ze halen an op entspriechende Visitten ze begleeden.
“An hei war et dann och déi Zäit zu där d'Filmproduktioun wierklech ganz an der Entwécklung war. A mir sinn dann zum Beispill effektiv emol op Tournagë gefuer. Ech ka mech erënneren, mir waren zesumme bei den Al Pacino op den Tournage vu 'Merchant of Venice'.”
Dann ass et awer och d'Functioun vum Chambellan de Lien ze maachen tëschent dem Grand-Duc a sengen Invitéen.
"Dat heescht, wann de Grand-Duc op enger Receptioun wëllt mat engem schwätzen, da kritt een déi Nimm an da geet ee bei deéiLeit a seet een: ‘Hei, de Grand Duc wëllt mat Iech schwätzen. An dann ënnerhält ee sech mat deene Leit bis zu deem Moment, wou de Grand-Duc Zäit huet."
De Chambellan vertrëtt de Grand-Duc awer och op Plazen, wou hien net higeet, mee wou de Palais soll vertruede sinn. Beispillsweis op Ambassaden oder och Begriefnisser.
“Da geet een dohinner an da vertrëtt een de Grand-Duc an et mécht een d'Condoleancen am Numm vum Grand-Duc. Also do ass schonn ee gewëssent Gewiicht do, datt ee sech do elo net blaméiert.”
Den Zäitopwand fir dës Funktioun, déi op fräiwëlleger Basis a ganz onbezuelt gemaach gëtt, géing sech awer a Grenzen halen, seet de Paul Lesch. Ronderëm Nationalfeierdag wier vill lass, mee et kéint ee vun engem eegene Chauffeur profitéieren, wat den Zäitverloscht nees liicht limitéiere géing.
Nei Vertrieder:inne si bekannt
No 25 Joer Chambellan wier hien awer elo och net traureg, dëst Amt néierzeleeën. Et wier eng spannend Aufgab an e Privileeg gewiescht, esou nach de Paul Lesch.
Gëschter um Mëttwoch koum de Communiqué vum Haff, an deem véier Nimm stoungen: Déi dräi nächst Chambellane vum zukünftege Grand-Duc an eng Dame d'honneur: De Kolonell Henri Christnach, fréieren Aide de compte, dann den Antoine Clasen, Generaldirekter vu Bernard Massard, d’Stéphanie Damgé aus der Chambre de Commerce an de Raoul Schaaf, laangjäregen Direkter, elo President vum Comité National de Défense Sociale.