Wat genau dëse Weekend hei bei eis gebuede gëtt, dat huet eis Mataarbechterin aus der Kommunikatioun, d'Dany Weyler, an der Emissioun Hallwer Néng erkläert.
Et besteet deemno d’Méiglechkeet sech an engem Radiosatelier mam Mikro opzehuelen. Et gi Visitten ugebueden an d’Kanner kënne sech intensiv mat eiser “Kannerkëscht” beschäftegen.
Jiddereen ass wëllkomm. Falls ee sech fir eng Visite guidée intresséiert, kann ee sech ënnert follgendem Link umellen.
Audio bleift aktuell
An engem éischten Deel vum Hallwer Néng goung et mat eisem Direkter Jean-Lou Siweck doriwwer, wéi de radio 100,7 sech prett mécht fir d'Zukunft. Een Zil vum Radio ass et, méi Nolauschterer ze erreechen, an an deem Sënn och déi jonk Generatiounen unzeschwätzen.
"Wann een d'Studië kuckt zu deem Theema, da gesäit een effektiv: Radio ass bei Jonken, déi de lineare klassesche Radio aschalten an dat lauschteren, wat grad do kënnt, amgaangen zeréckzegoen. Audio awer net."
Dat kënnen Noriichte sinn, awer och aner Saache wéi Podcasten, erkläert den 100,7-Direkter.
"Dat heescht, mir sinn amgaangen eis opzestellen op där enger Säit, an deem mir all eis Inhalter sou wäit wéi méiglech automatiséiert op eisen Internetsite an an eis aktueller App - mat virun allem eiser neier App, déi mir fir Enn dës Joers erwaarden - setzen, datt een en einfachen Accès op déi Inhalter huet. Datt ee se och zu deem Moment lauschter kann, wéi ee se wëllt."
An op där anerer Säit ass och deen nächste Schrëtt, méi staark Inhalter ze produzéieren, déi vu vir eran duerfir gemaach sinn, fir als Podcast gelauschtert ze ginn, huet de Jean-Lou Siweck zum Schluss nach erkläert.