Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass mat de Männer lass?

Fräie Mikro

Wat ass mat de Männer lass?

An hirem neie Fräie Mikro befaasst d’Isabelle Schmoetten sech mat der Fro no der Roll vun de Männer a Männlechkeetsbiller bei systematescher Gewalt vu Männer géint Fraen.

auto_stories

4 min

D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7

A Frankräich huet e Mann seng Fra wärend 10 Joer reegelméisseg mat Medikamenter betäubt, si da vergewaltegt oder nogekuckt, wéi vergewaltegt ginn ass. Iwwer 70 Männer hunn déi Fra vergewaltegt. Vum Noper, iwwert e Journalist, hin zu engem Lokalpolitiker, Elektriker war alles dobäi - 20 Järeger an och 70 Järeger. 

Ech hu mat ville Frëndinnen iwwert de Fall geschwat. Well en ze vill schrecklech ass. Well e rose mécht a well en Angscht mécht. Well en un engem Weltbild rëselt, an dem een dovun ausgeet, datt déi meescht Männer sech eng gläichberechtegt Gesellschaft wënschen an där Männer a Fraen sech op Aenhéicht a partnerschaftlech begéinen.

Léif Männer ënnert de Nolauschterer: hutt Dir mat äre Kolleegen iwwert dëse Fall geschwat? Waart och dir schockéiert an degoûtéiert an hutt iech driwwer ënnerhal, wat dann net stëmmt mat all deene Männer?

Eng Epidemie, keen Eenzefall

Vergewaltegung, Belästegung, Stalking, Mord u Fraen - dat ass alldeeglech, dat ass carrement banal. An déi Männer, déi erwëscht ginn, kéinte méi normal a banal net sinn. Dat war dach ëmmer sou e Léiwen, sou e Frëndlechen! Zack a weider am Programm. Männer déi Fraen als Besëtz ugesinn, dat ass eng Epidemie a kee bedauerlechen Eenzelfall.

Mir mussen awer och iwwer Eenzelfäll schwätzen. Eng Vergewaltegung vun enger Fra duerch e Mann an engem Festzelt um Oktoberfest. Wat liest een an der Press an op social media? Wann een als Fra besoff um Oktoberfest ass, muss e sech jo net wonneren. Kuck wat si un hat. Kuck, wéi si sech beholl huet. A wat liesen ech net, mee wat misst ech liesen: wéi kënnt den Typ op déi Iddi? Wat ass dat fir en degueulasset, primitiivt an onmënschlecht Verhalen? Wéi kann dat sinn, datt deen domat duerch kënnt? A wéi oft kréie Kolleege sexistesch a gewaltvollt Verhale mat, toleréieren et, laachen driwwer oder feieren et souguer? Wéi eng Gesellschaftsuerdnung bréngt Männer mat sou engem Verhalen ervir?

D'Schold bei den Affer, Excusë fir d'Täter

Mir sichen d'Schold bei den Affer. Dat nennt ee Victim Blaming. A mir sichen no Excusë fir d'Täter. A wa mir et woen ze soen, datt et dach scheinbar e gemeinsamen Nenner bei sou ville Strofdote gëtt, an dat ass, datt et Männer sinn, dann ass d'Empörung riseg: Generalverdacht, Männerhaass, Generaliséierung. An awer sinn et Männer, déi Frae vergewaltegen, si ëmbréngen, si belästegen, si kleng maachen, si als Objet a Besëtz ugesinn. 

Wéi vill Energie verschwende mir domat ze soen "awer net all d'Männer", "mir däerfen awer och d'Männer net vergiessen", "mir mussen awer och d'Männer mat an d'Boot huelen", aus Angscht eise Frënn, Partner, Kolleegen oder Wëllfriemen op d'Féiss ze trëppelen?

Männer, wou sitt dir?

Mir hunn eendeiteg e Problem mat Männlechkeet. Mat männleche Rollebiller, Erzielungen iwwer Männlechkeet a mat männlechen Identitéiten. Net mat männleche Genen. Un dat Märche gleewen ech net. Dat ass näischt Ugebuerenes an doduerch ass et och net ze entschëllegen.

An all déi Männer, déi dës Aussoen hei als perséinlechen Ugrëff empfannen a sech ongerecht beschëllegt fillen, sollten sech eeschthaft d‘Fro stellen, ob si sech scho genuch Gedanken iwwer Männergewalt géint Frae gemaach hunn.

An all déi Männer, déi sech als déi gutt gesinn, déi missten dach haart jäizen, an zwar nach vill méi haart wéi déi betraffe Fraen, fir ze soen, wat dat fir eng riseg Sauerei ass. Fir a Fro ze stellen, wou dat Verhalen hir kënnt. Also léif gutt Männer, wou sitt Dir? Wisou jäizt dir net mat mir: Wat ass mat de Männer lass?

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.