Den DAB+ erméiglecht méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt ee méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéiert et aus!
Wat brauch Dir fir den 100,7 um DAB+ ze empfänken?
Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn:
- En DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien)
- En Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut.
Bei méi alen Autoen ass et méiglech, en DAB+-Empfänger nozerüsten)
Wéi fannen ech de Radio 100,7?
Stell äert Gerät op den DAB+-Modus an a sich no de verfügbare Senderen. Wielt dann an der Lëscht de Radio 100,7 aus.
Den DAB+ huet generell e stabilt Signal. Trotzdeem kann den Empfang vum Ëmfeld ofhänken. Besonnesch bannen a Gebaier kann et zum Beispill duerch aner elektronesch Geräter a LEDen zu Stéierunge kommen. Fir den Empfang ze verbesseren, ginn et zwee Tipps:
- D’Positioun vum Gerät änneren an et z. B. méi no bei eng Fënster stellen
- D’Antenn ganz erauszéien a verschidden Ausriichtungen ausprobéieren
Keen DAB+? Kee Problem!
Mee och ouni DAB+ kënnt Dir Klassik/ de Radio iwwerall erliewen: mat der App vum 100,7, der App Radioplayer engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker.
Hei kënnt Dir d’App downloaden:
Iwwert den Internet kann een direkt um Site www.100komma7.lu lauschteren.
Wann en Internetradio den 100,7 net fënnt, kann een dës Adressen (URL) aginn: