Ech hu mech an de leschte Méint dacks gefrot, wat d’Leit hei zu Lëtzebuerg eigentlech mengen, wa si d’Wuert Humanismus héieren oder benotzen. Et fält ëmmer méi dacks an ëffentleche Gespréicher, mee jidderee schéngt e bëssen eppes anescht domat ze verbannen.
D’Welt duerch de Brëll vun eiser eegener Mënschlechkeet gesinn
Ech kann a wëll meng eegen Definitioun net imposéieren, mee ech wéilt Iech haut alueden, fir driwwer nozedenken, wat Humanismus fir Iech bedeit.
An deem Kontext ass mir e Buch an d’Hänn gefall, dat dës Invitatioun op eng schéin Aart ausdréckt.
Humanism: Five Values for Living Well vum David McLaughlin
Hien invitéiert eis, d’Kär-Wäerter vum Humanismus nei ze entdecken, a vläicht doranner eppes ze fannen, dat mat eise perséinleche Wäerter an eiser Liewenshaltung iwwereneestëmmt.
Hie seet, et wier elo eng gutt Zäit fir esou eng Invitatioun. Well ëmmer méi Leit näischt méi mat Relioun ufänke kéinten oder schonn ouni Glawen opgewuess wieren, a sech vläicht nach ni d’Fro gestallt hätten, op wéi enge Wäerter si hiert Liewen am Alldag opbauen. Vläicht ass et grad do, wou den Humanismus seng Plaz fënnt. Humanismus ass kee fixe Glawenssystem, mee eng Astellung zum Liewen, eng Invitatioun, d’Welt duerch de Brëll vun eiser eegener Mënschlechkeet ze gesinn.
5 Wäerter
De McLaughlin schwätzt hei vu fënnef Wäerter, déi fir hien zentral sinn am Humanismus: Sënn, Dignitéit, Vernonft, Matgefill a Gerechtegkeet.
Sënn - well mir Mënschen d’Fäegkeet hunn, eisem Liewen eng Bedeitung ze ginn, ouni ze waarden, datt e vum Himmel fält.
Dignitéit - well all Mënsch eegene Wäert huet, onofhängeg dovun, wat e mécht oder wéi en denkt. D’Dignitéit vum Aneren ze respektéieren, heescht och, déi eegen eescht ze huelen.
Vernonft - well Denken eng Form vu Verantwortung ass. Et verlaangt Courage, sech un d’Fakten ze halen, och wann d’Wourecht heiansdo onangeneem ass.
Matgefill - well et net duer geet, d’Leed vun aneren ze gesinn. Et geet drëm, et eescht ze huelen an ze handelen, och wann hiert Leed eis net direkt betrëfft.
Gerechtegkeet - well keen eleng fräi ka sinn. Eis Fräiheet an e gutt a gelongent Liewen hänken dovun of, wéi mir eis fir Fairness a Gläichberechtegung asetzen.
Net blann gleewen, mee selwer nodenken
Humanismus bedeit also net blann ze gleewen, mee selwer nozedenke. Net sech ofzekapselen, mee op Anerer zouzegoen, mat oppenem Geescht a Matgefill. Et ass d’Iwwerzeegung, datt d’Bedeitung vum Liewen net vum Himmel fält, mee datt mir se zesumme gestalten, duerch dat, wat mir denken, fillen a maachen.
A vläicht ass elo effektiv déi richteg Zäit, fir iwwer dës Wäerter nozedenken. Net fir sech e Label ze ginn, mee fir erauszefannen, ob een sech an hinnen erëmfënnt. Net fir eng Ersatzrelioun ze fannen, mee fir sech verbonnen ze fille mat enger existéierender Traditioun.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.