Wat bedeit et fir e Patron, Mënsche mat Beanträchtegungen anzestellen? An: Wéi geet et engem mat Behënnerung um éischten Aarbechtsmarché? Mir hunn eng Fra begleet.
"Wann de Kierper geet, da gees de mat. A wann et net geet, da gees de méi lues, an domat hat ech bis elo hei nach kee Problem gehat, wann ech ebe bësse méi lues ënnerwee si wéi déi aner Leit."
D'Maria schafft zanter ronn 6 Méint beim Hornbach zu Bartreng. Si huet de Statut handicapé. Op den éischte Bléck erkennt een hir Beanträchtegung net. 2019, mat der Gebuert vun hirem drëtte Kand, ass bei hir eng Krankheet vun den Nerven ausgebrach.
"Ech hat ee laange Stëllstand elo gehat. Vun 2019 bis 2023 do war eebe just d’Krankheet am Spill, a si woussten net ganz genee, wéi wat wou, just eeben do geet et net gutt. An dat geet och net nëmme physesch bis ee Moment, wou de Kapp net méi mat wollt iwwerleeën."
Aarbechtsplaz un d'Besoinen ugepasst
2023 huet si sech op d'Sich no enger Aarbecht gemaach. Net esou einfach. Ëmmerhin ass si duerch hir Behënnerung ëmmer nees mat geschwollenen Hänn a Féiss, mat Péng an de Been an an der Hëft geplot. Och aner Aarbechtsplazen huet si scho probéiert. A leider, erzielt d'Maria, war et hir ni méiglech déi Plazen ze halen, wann nämlech net alles u si ugepasst ass, muss si reegelméisseg opstoen a sech beweegen.
Op hirer haiteger Aarbechtsplaz huet si e Büro, an deem si sech fräi beweege kann. E Stull, dee si genee un hir Besoinen upasse kann, eng Tastatur an e Mauspad, deen op d'mannst d'Péng net nach verstäerkt.
"Momentan sinn ech hei, mee wa mer mussen duerch d’Geschäft, oder déi nei Mataarbechter en Tour duerch d’Geschäft maachen, dat maachen ech och."
Kontakt mat Clienten ass wichteg
Mee eebe vläicht mol méi lues, jee nodeem wéi si sech fillt, a wéi wäit de Kierper deen Dag matmaache kann. Wa si esou en Tour duerch d'Geschäft mécht, kënnt si och a Kontakt mat de Clienten. An dat wier wichteg, erkläert de Personalchef Sam Houbli.
"Fir mech ass eben ëmmer wichteg bei der Inklusioun eeben och ze inkluséieren. An net eng Persoun iergendwou ... Ech soen net wech spären, mee datt se hannen iergendwou steet, an da kann ee soen, hei mir hunn déi Persoun hei schaffen, mee si huet awer kee Kontakt mat de Clienten."
Gläichzäiteg wier et och wichteg, datt d'Persoun sech zeréckzéie kann, betount de Sam Houbli.
Aarbechtsëmfeld un d'Besoinen ugepasst
Hie setzt sech scho méi laang dofir an, datt och Mënsche mat Beanträchtegunge bei him schaffe kënnen. Am Ganze schaffe 15 Mënsche mat enger Beanträchtegung am Betrib, also méi wéi 8 Prozent vun de Salariéen.
Sief et duerch méi breet Gäng, déi och fir Mënschen am Rollstull accessibel sinn. Oder duerch Sëtzplazen an den eenzele Rayonen. Wat genee fir wéi eng Persoun ideal ass, dat hänkt vun der Beanträchtegung of.
Et géife fir déi meeschte Behënnerunge mëttlerweil vill Méiglechkeete gi fir gehollef ze kréien. Als Beispill nennt de Sam Houbli nach en extrae Brëll fir Mënsche mat Autismus, deen hinnen hëlleft d'Gesiichtszich vun hirem Géigeniwwer besser ze verstoen.
Gerechtegkeet fir Mënsche mat Aschränkung
Wann de Patron genee wéisst, wat dee Mënsch schaffe kann, a wat e brauch fir mat der Behënnerung eng produktiv Aarbechtskraaft ze sinn - ëmmerhi wier ee jo awer an engem Wirtschaftsunternehmen, betount de Sam Houbli ëmmer nees - da géif näischt am Wee stoe fir Mënsche mat Behënnerung um éischte Marché ze integréieren. Mee wéi reagéieren d'Clienten?
"Wann do ee Client mengt ee Problem ze hunn, dann erkläre mer eise Punkt ganz gutt, a wann dann nach ëmmer de Problem do ass, da soe mer sorry, dat sinn net eis Wäerter, mir liewen hei fir d’Inklusioun, fir d’Gerechtegkeet tëschent Fra a Mann, an do gehéiert och d’Gerechtegkeet fir d’Leit mat enger Aschränkung derbäi."
Mee, och bei der Integratioun vu Mënsche mat Behënnerung um Aarbechtsmaart ginn et kloer Grenzen, erkläert de Personalchef. Zum Beispill wann eng Persoun eng schwéier mental Behënnerung hätt, bei där d'Kommunikatioun schwéier wier.
"A wou et dann eeben och e Sécherheetsrisiko wier, hei si jo och Maschinnen, déi lafen an déi doduerch fueren, an do ass natierlech eng Grenz gesat."
Support ass extreem wichteg, net iwwerall selbstverständlech
Fir d'Maria stellt dat keng Schwieregkeet duer - si schéngt ganz zefridden an hirem Büro. De Support vun den Aarbechtskolleegen, dat wier hir extreem wichteg an net iwwerall selbstverständlech, seet d'Maria
"Grad doduerch well ech weess, ech kann dann och schwätzen, an ech ginn dann och zou, a si komme mer entgéint. An och wa si gesinn, dass ech bëssen ... ausser Rou sinn, da soen si, wann eppes ass, da schwätz."
D'Ënnerstëtzung souwuel vum Patron wéi och vun den Aarbechtskolleegen a Kolleeginnen, dat wier dat, wat si an der Haaptsaach brauch.
D'Integratioun vu Mënsche mat Beanträchtegungen ass e groussen Defi fir deen éischten Aarbechtsmarché zu Lëtzebuerg - vereinfacht kéint dat Ganzt ginn duerch beispillsweis d'Méiglechkeet vun enger Ausbildung als Mënsch mat Behënnerung. Dat gëtt et nämlech nach ëmmer net.
Den Andrea di Ronco vun Info Handicap erkläert am 100,7-Interview, datt wann an all Betrib 8 Prozent vum Personal, Leit mat Behënnerung wieren, misst ee warscheinlech guer net driwwer schwätzen.
Hien erkläert, datt et zu Lëtzebuerg eng Quot gëtt, déi soll erfëllt ginn. Déi gëtt allerdéngs net wierklech respektéiert. Anescht wéi am Ausland gëtt et zu Lëtzebuerg nämlech keng Kontrollen an och keng Sanktioune wann ee Betrib se net erfëllt. Dee kritt just eng Strof, wann ee beweise kann, datt ee Patron bewosst keng Leit mat Behënnerung astelle wëll.
Procedure de reclassement
Et kënnt och dacks vir, datt eng Persoun réischt am Laf vun hirem Liewen, mat enger Behënnerung konfrontéiert gëtt a mierkt, datt se hiren Aarbechtsalldag et wéi gewinnt ka meeschteren. An deem Fall gëtt et eng Procedure de reclassement, zesumme mam Aarbechtsdokter. An där Prozedur gëtt gekuckt, wéi eng Upassunge gebraucht ginn an ob de Betrib déi ëmsetze kann.
Falls jo, kënnt et zu engem reclassement interne. Falls dat net méiglech ass, kënnt et zu engem Reclassement externe. An dem Fall hält den Aarbechtsvertrag op an d'betraffe Persoun gëtt op der Adem ageschriwwen a kritt Chômage, respektiv eng indemnité d'attente, erkläert den Andrea di Ronco vun Info Handicap.