Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dräieck a.s.b.l.: Genuch Better do fir d'Wanteraktioun

Wanteraktioun

Dräieck a.s.b.l.: Genuch Better do fir d'Wanteraktioun

D’Wanteraktioun um Findel huet hir Dieren opgemaach. Den éischten Owend hätten eng 100 Sans-abrien an der Struktur iwwernuecht. Déi maximal Kapazitéit läit bei 250 Better. Genuch Better, fir datt kee Sans-abri de Wanter iwwer misst dobaussen iwwernuechten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Cyrielle Chibaeff, Direktrice vun der Dräieck a.s.b.l., déi d'Wanteraktioun geréiert, erkläert, datt se dat bescht aus dem maache, wat se kënnen. 

"Avec notre autorisation légale d’exploitation on ne peut pas aller plus. Mais on a déjà ça pour gérer au mieux ce qu’on doit gérer dans le cadre de notre mission humanitaire au Luxembourg."

Sozialen Accompagnement

180 Better waren an der Moyenne de leschte Wanter beluecht. De Peak wier am Februar gewiescht mat 219 Persounen, seet d’Cyrielle Chibaeff. An der Wanteraktioun kréien d’Sans-abrien och eng waarm Moolzecht, waarm Kleeder, Soinen an den néidegen Encadrement. 

"Les activités socio-éducatives sont importantes pour la cohésion, pour l’estime de soi. On a aussi le point de vue de l’accompagnement social aussi. Certains en ont besoin, certains le veulent, certains sont demandeurs. Donc l’équipe en charge va se charger de cet accompagnement-là."

Just eng temporär Léisung

Zanter dem leschte Wanter ass d’Wanteraktioun net just véier Méint, wéi déi Jore virdrun, mee fënnef Méint am Joer op, betount d’Cyrielle Chibaeff. Et bleift awer, wéi den Numm et seet, eng Wanteraktioun an domat just eng temporär Léisung. 

"Aller plus loin, il faut peut-être creuser sur différentes pistes. Autres pistes que cette action qui est en fait ponctuelle et qui répond au froid de l’hiver tout simplement et c’est vraiment une mission temporaire."

Eng Missioun fir déi dëse Wanter 21 Mataarbechterinnen a Mataarbechter aus dem soziale Beräich an eng 100 Benevollen am Asaz sinn.

D’Wanteraktioun um Findel huet de 15.November hir Dieren opgemaach a geet nach bis de 15. Abrëll. 

Lauschterenplay_arrow